Luxembourgeois, Culture et Citoyenneté intensif - A1.1 du CECRL (LA-LB-558 2024/2025)

Blended learning

Wéi en Niveau gëtt mam Ofschloss vun der Formatioun ugestrieft?

CECRL - Niveau A1

Wéi laang dauert d'Formatioun?

 60,00 Stonn(en)

A wéi enger/n Sprooch(en) gëtt d'Formatioun gehalen?

LU

Wéini ass déi nächst Sessioun?

Wien organiséiert dës Formatioun?

Plusieurs structures au sein du MEN permettent aux adultes, à différentes étapes de leur vie, de bénéficier d'une formation pour obtenir un premier diplôme, acquérir ou perfectionner leurs connaissances, changer d'orientation professionnelle, s'adapter aux nouvelles technologies, enrichir leur culture personnelle...

U wie riicht sech d'Formatioun?

Tout adulte souhaitant développer ses compétences

Wéi eng Virkenntnesser muss een hunn?

alphabétisation acquise

Wéi eng Ziler gi verfollegt bzw. wéi eng Kompetenzen ugestrieft?

Peut comprendre et utiliser des expressions familières et quotidiennes, des énoncés très simples visant à satisfaire des besoins concrets.
Peut se présenter ou présenter quelqu'un, poser et répondre à des questions personnelles.
Peut communiquer de façon simple (débit lent et clair).

Wéi gesäit den Inhalt vun der Formatioun aus?

  • Héierverstoen
    • verstoe wann ee sech oder aner Leit begréisst oder "Äddi" seet
    • einfach kuerz an elementar Froe verstoen an dorop reagéieren: Wou wunnt Dir/hien? Wéi ass Är/seng Telefonsnummer? Wat ass dat? Wéi vill Auer ass et? etc.
    • d'Zifferen an d'Zuelen an d'Datumer (Dag a Mount) verstoen
    • d'Faarwen an e puer aner Adjektiver verstoen (grouss-kleng, schéin-ellen, ): Wéi ass een oder eppes?
    • d'Auerzäite verstoen (5 Minuttenofstänn)
  • Liesverstoen
    • verstoe wann een eng Begréissung, respektiv eng Formel fir Äddi ze soen, liest
    • ganz einfach Froen zu senger oder enger anerer Persoun verstoen
    • einfach Sätz verstoen, déi Informatiounen aus dem deegleche Liewen enthalen: Zuelen, Auerzäiten, Datumer, Faarwen
  • Mëndlechen Ausdrock
    • " Moien " an " Äddi " soen a froe wéi et engem geet an äntwere wann ee gefrot gett
    • sech oder eng aner Persoun kuerz presentéieren: de Vir- a Familljennumm, den Alter, d'Nationalitéit, d'Sproochen, wou ech/si hierkommen/kënnt, d'Address, de Beruff, d'Familljesituatioun
    • eng aner Persoun no deene Saache froen
    • seng perséinlech Donnéeë ginn an eng aner Persoun dono froen: d'Adress, d'Telefonsnummer, d'Emailaddress, de Gebuertsdatum
    • d'Negatioun benotzen: "net" a "keen / keng"
    • d'Auerzäit an den Datum (Dag a Mount) soe wann ech dono gefrot ginn
    • d'Wochendeeg, d'Méint an d'Joreszäite benennen
    • en Objet oder eng Persoun kuerz beschreiwen
    • e kuerzen Text haart virliesen
  • Schrëftlechen Ausdrock
    • eng kuerz Email / SMS schreiwe fir ze froe wéi et geet
    • einfach Sätz am Present schreiwen
    • een einfache Formulaire ausfëllen

Wat kritt Dir um Enn vun der Formatioun?

Certificat de participation du MENJE (Condition : 70% de taux de participation)

Organisatiounsmodus

Les inscriptions et les demandes d'informations s'effectuent directement auprès de l'organisateur qui délivre la formation.

Wéi eng zousätzlech Informatioune si gutt ze wëssen?

Accès pour personnes à mobilité réduite

CECRL - Niveau A1: vu wat schwätze mir?

Jiddereen, deen dëse Niveau erreecht huet:

  1. Ka vertraut, alldeeglech Ausdréck a ganz einfach Aussoen, mat deene konkret Besoine sollen erfëllt ginn, verstoen a benotzen. Ka sech oder anerer virstellen
  2. an anere Leit Froen zu hirer Persoun stellen – zum Beispill wou se wunnen, wéi eng Leit se kennen, wéi eng Saache se hunn asw. – a kann op dës Zort Froen
  3. äntweren. Ka sech op eng einfach Manéier verstännegen, wann de Gespréichspartner lues an däitlech schwätzt a sech kooperativ weist.

Dës Formatioune kéinten Iech interesséieren