Ausbildung zum Seminarleiter Schuld- und Schamlos

Aner

Wéi laang dauert d'Formatioun?

 2,50 Joer

8 Weekender: Participatioun un der Seminarreih – Step 1 bis 8 – als Selbsterfarung
8 Weekender: Participatioun als Assistent un der Seminarreih – Step 1 bis 8
Formatiounswoch zum Seminarleeder
Schrëftlech Ofschlossaarbecht

A wéi enger/n Sprooch(en) gëtt d'Formatioun gehalen?

DE

Wéini ass déi nächst Sessioun?

Wien organiséiert dës Formatioun?

Tu as un désir de sérénité? Tu es en quête de bonheur? Nous te proposons des formations interactives et de longue durée, en combinaison avec des journées d'approfondissement et un coaching individuel et nous t'accompagnons sur ton chemin vers la paix intérieure et la joie de vivre intrinsèque.

U wie riicht sech d'Formatioun?

All Persoun:

  • déi sech beruff fillt, Seminairen an hirem Fachberäich mat der Schuld- und Schamlos-Method unzebidden
  • déi selbstännegan an Zesummenaarbecht schaffe wëll
  • déi hire Bäitrag zu Léift a Selbstverantwortung an d’Welt brénge wëll

Wéi eng Virkenntnesser muss een hunn?

Sich dozou beruffe fillen, Seminairen ze leeden a Mënschen individuell an hire Prozesser ze begleeden
D’Opnahmekrittäre fir d’Assistentenroll erfëllen

Wéi eng Ziler gi verfollegt bzw. wéi eng Kompetenzen ugestrieft?

  • Ausernanersetzung mat de Theeme Schold a Schan
  • Opstellungsmethode vu Schuld- und Schamlos léieren
  • Systeemesch Instrumenter kenneléieren
  • Kierperaarbecht an Otemtechniken uneegnen
  • Den didakteschen Opbau vun engem Seminaire verstoen

Wéi gesäit den Inhalt vun der Formatioun aus?

1. Etapp: Participatioun un der Seminarrei – Step 1 bis 8 – als Selbsterfarung
2. Etapp: Assistenz an der kompletter Seminarrei
3. Etapp: Ausbildungswoch zum didakteschen Opbau vun engem Seminaire
4. Etapp: Schrëftlech Ausaarbechtung vun engem individuelle Seminarkonzept

Wéi eng Theeme gi behandelt?

  • Ausernanersetzung mat der eegener Liewensgeschicht
  • Glawenssätz an -konzepter hannerfroen an transforméieren
  • Souwuel-wéi-och-Liewensusiichten entwéckelen an integréieren
  • Sech vum Leeschtungsusproch zur ënnerlecher Autoritéit féiere loossen
  • Kontroll ofginn a sech dem Liewen higinn
  • Selbstmatgefill a Selbstverbonnenheet entwéckelen
  • Gruppe leeden an si an hire Prozesser begleeden
  • Déi verschidden Techniken, déi am Seminaire ugewant ginn, erléieren (kuckt uewen)

Wéi eng pedagogesch Methode gi benotzt?

  • Kierpermeditatiounen
  • Otemübungen
  • Visiounsaarbecht
  • Opstellungen
  • Rollespiller
  • Theorie

Wéi gesäit d'Evaluatioun aus?

D’Auswäertung geschitt duerch eng schrëftlech Ausaarbechtung vun engem individuelle Seminarkonzept no der Schuld- und Schamlos-Method

Wat kritt Dir um Enn vun der Formatioun?

Zertifikat als Seminarleeder "Schuld- und Schamlos".

Wéi eng Supporte ginn zur Verfügung gestallt?

An der praktescher Ausbildung dréit d'Observatioun vun der Grupp zur Erfarung bäi. Fir den theoreteschen Deel gëtt et Dokumentatiounen iwwer d'Opstellungsmethode, den Opbau vu Seminairen, d'Kierperaarbecht, an technesch Ënnerweisunge.

Organisatiounsmodus

Éischten Deel vun der Weiderbildung (zu engem groussen Deel):

  • Selbsterfarung,
  • Meditatiounen,
  • Otemübungen,
  • Opstellungen.

Zweeten Deel vun der Weiderbildung:
Léieren:

  • neutral Observatiounen ze maachen,
  • de Raum ze halen,
  • d’Reflecting-Team-Method unzewenden,
  • deen aneren a senger ganzer Gréisst ze gesinn,
  • d’Selbstreflexioun vum Participant z’ënnerstëtzen,
  • Spigelneuronen anzesetzen an empathesch nozelauschteren,
  • Erwaardungsfräiheet ze garantéieren,
  • Gruppendynamiken ze erkennen.

Drëtten Deel vun der Weiderbildung:

  • didakteschen Opbau vun engem Seminaire,
  • d’Selbststännegkeet kenneléieren.

Véierten Deel vun der Weiderbildung:

  • schrëftlech Ofschlossaarbecht.

Wéi eng zousätzlech Informatioune si gutt ze wëssen?

D'Seminaire fannen op der Plaz statt, d'Schlofplazen an d'vegetaresch Iesse sinn abegraff.

Vegant, glutefräit a laktosefräit Iesse ass op Ufro verfügbar.