D'Formatiounsoffer

Lescht Aktualiséierung : 18.08.2023

Allgemenges

Laut de Resultater vum Formatiouns-Observatoire senger leschter Ëmfro iwwer d'Formatiounsoffer waren 2019, 78% vun de Formatiounsinstituter, déi um Lëtzebuerger Marché present sinn, privat Instituter. Bei 8% vun de Formatiounsinstituter handelt et sech ëm institutionell/sektoriell Instituter, a bei 14% ëm Asblen.

D'Privatinstituter am Fokus

Déi privat Instituter hunn an der Moyenne aacht bis néng Joer Erfarung am Formatiounsberäich. Et handelt sech hei gréisstendeels ëm ganz kleng Strukturen: vun zéng Instituter hunn der siwe manner ewéi fënnef Salariéen.

Eng kleng Majoritéit huet d'Formatioun als eenzeg oder Haaptaktivitéit, üübt dës eleng um Lëtzebuerger Territoire aus a verfüügt iwwer mindestens ee Formatiounssall. An engem Drëttel vun de Strukturen sinn iwwer d'Hallschent vun de Salariéë Formateuren. An der Hallschent dovun gëtt normalerweis op extern Formateuren zeréckgegraff.

Den Internet, zu deem och d'sozial Netzwierker zielen, gëtt vun dräi vu fënnef Instituter als ganz nëtzlech ugesinn, fir d'Visibilitéit vun der Offer ze verstäerken. Et ass och e wichtegt Instrument, fir nei Clienten unzezéien.

D'Qualitéit an de Formatiounsinstituter

Am Allgemenge sinn d'Formatiounsinstituter (privat, institutionell/sektoriell) gutt an der Lag, d'Informatiounen, déi hir Formatioune charakteriséieren, hir Demarchë bei der Gestioun vun de Ressourcen, genee ewéi de Suivi an d'Evaluatioun vun de Participanten ze dokumentéieren. All dat garantéiert hiren Engagement fir d'Qualitéit. D'Haaptschwieregkeeten, mat deene si konfrontéiert sinn, betreffen d'Duerstellung vun den Informatiounen iwwer d'Evaluatiounsmodalitéite vun de Formatiounen, d'Iwwerpréiwung an d'Evaluatioun vun de Kompetenzen a Leeschtunge vun de Formateuren, Co-traitanten a Sous-traitanten, genee ewéi d'Bewäertung, ob d'Apprenanten hir Formatiounsziler erreecht hunn oder net.

Nëmmen zwee vu fënnef Instituter gesinn d'Certificatioun vun de Formateuren als ganz wichteg un. Iwwer d'Hallschent vun hinne gëtt un, iwwer e Standard, eng Certificatioun, e Label an/oder eng Charte fir d'Gestioun vun hirem Institut, hire Formateuren an hire Formatiounen ze verfügen.

D'Praktike vun de Formatiounsinstituter

Néng vun zéng Formatiounsinstituter schaffe Formatiounsprogrammer op d'Mooss aus. En Drëttel vun hinne bitt Formatiounen an engem eenzege Beräich un, e Véierel a véier a méi Beräicher.

D'Formatiounsberäicher "Perséinlech a berufflech Entwécklung", "Gestion d’entreprise, Ressources humaines" a "Sproochen" leie weiderhin un der Spëtzt. Am leschtgenannte Beräich fokusséiert sech d'Demande haaptsächlech op Franséisch-, Lëtzebuergesch- an Englesch-Coursen.

Den E-Learning gëtt ëmmer méi zougänglech. Zwee Drëttel vun de Formatiounsinstituter bidde Formatiounen am E-Learning-Format un, am heefegsten mat der Online-Begleedung vun engem Tuteur.

Wéi erwaart forméieren d'Formatiounsinstituter éischter Dirigeanten, Cadren a Salariéen aus dem Privatsecteur, haaptsächlech aus dem Finanzsecteur an der Industrie. Privatpersounen, déi hir Formatioune selwer finanzéieren, sinn och net ausgeschloss. E bësse méi ewéi ee vun zwee Instituter bidde Formatioune fir si un.

Digitalisatioun vun der Formatioun

D'Formatioun digitaliséiert sech progressiv duerch de steigenden Asaz vun digitalen Instrumenter wéi virtuell Klassen oder Video-Konferenzen.

Eent vun zwee Formatiounsinstituter gesäit d'Digitaliséierung als en Hëllefsmëttel un, fir den Engagement vun den Apprenanten ze stäerken a besser op hir Demande reagéieren ze kënnen. Si fäerten awer, datt den Apprentissage doduerch entmënschlecht gëtt.

Bilan an Zukunftsaussiichten

2019 louch bei sechs vun zéng Formatiounsinstituter den Ëmsaz am Zesummenhang mat Formatiounsaktivitéiten um Lëtzebuerger Territoire ënner 50.000 Euro.

No där éischter Confinementssituatioun (Mäerz-Juni 2020) goufen déi kuerz- a mëttelfristeg Entwécklungsperspektive vum Ëmsaz no ënne korrigéiert. D'Vertrauen an d'Zukunft bleift awer tendenziell bestoen. 43% vun den Dirigeantë vun de Formatiounsinstituter erwaarden och weiderhinn eng mëttelfristeg Hausse vun hirem Ëmsaz, dat si siwe Punkte manner éwéi virun deem éischte Confinement, den Taux läit awer ëmmer nach iwwer deene 15%, déi mat enger Baisse rechnen, oder deenen 13%, déi mengen, datt d'Zukunft ongewëss wäert sinn. 72% ginn dovunner aus, datt et zwee bis dräi Joer dauere wäert, bis een nees dee selwechte Niveau wéi virum Confinement erreecht huet.

Kontakt

INFPC

Alex Durand
Responsable Observatoire de la formation