De Formatiouns-Observatoire analyséiert den Zougang vun de Salariéen zu der Formatioun an de Formatiounseffort vun den Entreprisen op der Grondlag vun den Donnéeën, déi am Kader vun den Demandë fir de Kofinanzement vun der Formatioun an de Betriber erhuewe ginn.
D'Donnéeën iwwer d'Formatioun an den Entreprisen zu Lëtzebuerg stame vun de lëtzebuergeschen Entreprisen aus dem Privatsecteur, déi en ëffentleche Kofinanzement fir d'berufflech Weiderbildung an Usproch huelen. Unhand vun hiren Demanden ass et méiglech, hir Formatiounspraktiken ze analyséieren.
2022 kruten 2.395 Lëtzbuerger Entreprisen aus dem Privatsecteur d'staatlech Bäihëllef fir de Finanzement vun hirem Formatiounsplang. Dës Entreprisen hunn 1,5% vun hirer Lounmass an d'Formatioun investéiert. D'Salariéë hunn am Duerchschnëtt 5,1 Formatioune mat enger Dauer vu 3,2 Stonnen suivéiert. Eng Formatioun huet am Duerchschnëtt 183 Euro pro Participant a 57 Euro d'Stonn kascht. D'Bäihëllef fir d'berufflech Weiderbildung vum Staat huet sech insgesamt op 39,4 Mio. Euro belaf.
2022 kruten 2.395 Entreprisen déi staatlech Bäihëllef fir d'Weiderbildung. Dës Entreprisen hunn eenzel oder als Grupp am Ganzen 1.795 Kofinanzéierungsdemanden agereecht. Op nationalem Niveau hunn 32,4% vun de Privatbetriber mat 10 oder méi Salariéen d'Bäihëllef an Usproch geholl, a 58,5% vun alle Salariéen aus dem Privatsecteur ware potenziell vun der betriblecher Weiderbildung betraff.
Déi Entreprisen, déi d'staatlech Bäihëllef kruten, hunn 1,5% vun hirer Lounmass fir d'Formatioun opbruecht. D'Formatiounen hunn an der Moyenne 183 Euro pro Participant a 57 Euro pro Stonn kascht. D'Prestatioune vun de Formatiounsinstituter hu 28% vum Investitiounsopwand vun den Entreprisen an d'Formatioun ausgemaach. De Beräich "Technik/Handwierker" huet 41,6% vum Investitiounsopwand vun den Entreprisen an 41,9% vun den absolvéierte Formatiounsstonnen ausgemaach. Hanner "Technik/Handwierker" waren d'Formatiounen an de Beräicher "Finanzen, Comptabilitéit an Droit" an "Qualitéit, ISO a Sécherheet" am meeschte besicht. Dës dräi Beräicher hunn zesumme 75,5% vun de Participatiounen u Formatiounen ausgemaach.
D'Salariéë a Féierungspositiounen hunn an der Moyenne méi Formatiounen besicht (8,7) ewéi Dirigeanten (6,9), qualifizéiert Salariéen 5,2 an net qualifizéiert Salariéen 2,1. Géintiwwer 2021, huet sech den Ecart moyen marginal verklengert mat enger Augmentatioun vun der Participatioun vun den net qualifizéierten Salariéen (+0,3 Formatiounen) an deenen déi ënner engem aneren Statut beschäftegt sinn (+0,2 Formatiounen). Fraen ewéi Männer hunn duerchschnëttlech 5,1 Formatiounen besicht, mat engem liichte Plus bei der Participatioun vun de Fraen am Verglach zu 2021 (0,3 géint 0,2 méi).
Am Joer 2022 huet d'Bäihëllef fir d'berufflech Weiderbildung de Staat insgesamt 39,4 Mio. Euro kascht. Am Verglach zu 2021 war dat eng Hausse ëm 21,2%. Den accordéierte Kofinanzement louch bei duerchschnëttlech 21.976 Euro pro Demande (Median: 5.094 Euro), bei 9,9 Euro pro Formatiounsstonn a bei 162 Euro pro Salarié.