Coursë fir d'berufflech Orientatioun an Initiatioun - COIP
D'Coursë fir d'berufflech Orientatioun an Initiatioun (Cours d'orientation et d'initiation professionnelles - COIP) erméiglechen et jonke Leit, iwwer d'Zesummentreffe mat Responsablen, déi hir Beruffer virstellen, e realistesche beruffleche Projet auszeschaffen.
Nieft dem Opfrësche vum Basiswësse kënnen d'Kandidaten duerch Stagen an den Entreprisen hire Projet validéieren an éischt konkret Beruffserfarunge sammelen. De COIP leeft iwwer 1 Joer.
Jonker, déi op d'mannst 18 Joer al sinn,
- déi d'Opnamebedéngunge fir de Regime professionnel vum Enseignement secondaire général (ESG) net erfëllen,
- déi net déi néideg Kompetenze fir den Zougang zum Aarbechtsmaart hunn oder
- déi d'Schoul virzäiteg ofgebrach hunn,
kënne Coursë fir d'berufflech Orientatioun an Initiatioun (COIP) matmaachen, fir erëm an den Educatiouns- a Formatiounssystem opgeholl ze ginn.
D'COIP erlaben deem Jonken:
Prakteschen an allgemengen Unterrecht
D'COIP ëmfaassen:
Si ginn an de folgende berufflechen Domainer organiséiert:
- Landwirtschaft, Gaardebau an Ëmwelt
- Liewensmëttel a Kichen
- Liewensmëttel a Patisserie
-
Bauwiesen
-
Holz
-
Coiffure a Kierperfleeg
-
Elektrik
|
- Bekleedung/Verkaf
-
Mechanik an Automobilmechanik
-
Metall
-
Ustrach
-
Service a Restauratioun
|