"Biergerpakt" – Fir d'interculturellt Zesummeliewen

Lescht Aktualiséierung : 11.04.2025

Allgemenges

De Biergerpakt riicht sech un all Persoun iwwer 18 Joer, déi zu Lëtzebuerg lieft oder schafft. E vermëttelt Zougang zum Programm fir interkulturellt Zesummeliewen.

Interkulturellt Zesummeliewen ass e partizipativen, dynameschen a kontinuéierleche Prozess, deen et erlaabt, zesummen ze liewen, ze schaffen an Entscheedungen ze treffen. E baséiert op géigesäitegem Respekt, Toleranz, Solidaritéit, sozialem Zesummenhalt an dem Kampf géint Rassismus an all Form vun Diskriminéierung. En etabléiert d'Diversitéit als Beräicherung a stellt fir d'Entwécklung vun enger interkultureller Gesellschaft en Atout duer.

De Biergerpakt ass en Instrument, dat duerch d'Gesetz vum 23. August 2023 iwwer d'interkulturellt Zesummeliewen agefouert gouf. En ersetzt zënter dem 1. Januar 2024 den CAI (Contrat d'accueil et d’intégration).

Organisatioun

De Bäitrëtt zum Biergerpakt erfollegt online iwwer MyGuichet.lu (mat Authentifikatioun). Grenzgänger brauchen e Certificat, datt si zënter mindestens 3 Méint beim Centre commun de la sécurité sociale ageschriwwe sinn, fir hir Demande ze finaliséieren.

De Bäitrëtt zum Biergerpakt vermëttelt Zougang zum Programm fir interkulturellt Zesummeliewen. Et ass weeder eng Dauer nach en Delai virgesinn, fir bei deene verschiddene Modülle matzemaachen. Wann déi betraffe Persoun awer bannent engem Zäitraum vun 2 Joer bei kengem Modüll vum Programm matgemaach huet, leeft de Pakt aus.

Programm fir d'interkulturellt Zesummeliewen

De gratis Programm besteet aus 3 Aféierungsmodüllen an engem grousse Katalog vun Eenzelmodüllen aus wichtegen Theemeberäicher vum Zesummeliewen zu Lëtzebuerg.

Aféierungsmodüllen

  • Orientatiounsdag, e Modüll fir sech besser am dagdeegleche Liewen orientéieren ze kënnen.
  • D'Groussherzogtum Lëtzebuerg entdecken, e Modüll, dat en éischten Iwwerbléck iwwer d'Land, seng Geschicht a seng Gebräicher vermëttelt.
    D'Formatioune fir d'Entdecke vum Groussherzogtum Lëtzebuerg uweisen
  • Sproochmodüll(en), een oder méi Modüllen, déi en éischte Kontakt mat de Sprooche vum Land erméiglechen, fir op d'mannst den Aféierungsniveau A.1.1 vum CECR an op d'mannst enger vun den 3 Verwaltungssprooche vu Lëtzebuerg (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) ze erreechen.
    Kuckt d'"Sproochemodüllen"

D'Absolvéiere vun den dräi Aféierungsmodülle gëtt ënner bestëmmte Bedlngungen am Kader vun der Demande, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun ze kréien, an am Kader vun der Demande, fir de Statut vum Résident de longue durée ze kréien, berücksichtegt.

Eenzelmodüllen

E Katalog vun Eenzelmodüllen erlaabt et, Modüllen auszewielen, déi op déi perséinlech Situatioun, Interêten a Besoinen ofgestëmmt sinn.

Dëse Katalog bitt eng breet Pallett vu Coursen an Aktivitéiten zu verschiddenen Theemen un:

  • Engagement fir Diversitéit a géint Rassismus an Diskriminatioun
  • Aktiv Bedeelegung als Bierger
  • Léieren a praktizéiere vun de Sproochen
  • Verstoe vun den administrativen Demarchen
  • Verdéiwe vu senge Lëtzebuergeschkenntnesser

D'Offer gëtt lafend ausgebaut an de Katalog gëtt permanent un d'Besoinen, déi bei de Participantë festgestallt ginn, ugepasst.

Kontakt

Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil
Division Vivre ensemble

13 C, rue de Bitbourg
L-1273 Luxembourg-Hamm


biergerpakt.zesummeliewen.lu/lu
zesummeliewen.public.lu/lb.html
gemengen.zesummeliewen.lu/