Seng Kompetenzen, Fäegkeeten a Motivatiounen analyséieren, fir säi beruffleche Projet ze definéieren
Als Instrument vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ass de Kompetenzebilan e Prozess fir d'Analys vu Wëssen, Fäegkeeten, Kompetenzen, Beruffserfarung a Motivatioun vun enger Persoun, fir hir Formatiounsbesoinen ze ermëttelen, e Karriärsprojet ze definéieren an/oder eng Ëmschoulung oder d'Verdéiwung vu Kompetenzen ze plangen.
De Kompetenzebilan soll all Eenzelpersoun hëllefen:
Quell: Cedefop, Glossaire - Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation
All Demandeur d'emploi, dee bei der ADEM ageschriwwen ass, kann ënner bestëmmte Konditiounen e Kompetenzebilan erstallt kréien.
Verschidden institutionell a privat Formatiounsinstituter kënnen och hir Expertise um Gebitt vun de Kompetenzebilanen ubidden an dofir kontaktéiert ginn.
D'Lëscht vun de Formatiounsinstituter, déi Member vum Portal lifelong-learning.lu sinn a Kompetenzebilanen ubidden, klasséiert no Formatiounsberäich, consultéieren
D'Lëscht vun de Formatiounen, fir e Bilan oder eng Evaluatioun vun der Beruffserfarung ze preparéieren, consultéieren
Fir Äre perséinlechen a beruffleche Profil besser ze kennen a besser ze wëssen, a wéi eng Richtung Dir Iech orientéiere wëllt, ginn et online verschidde Bewertungstester, mat denen Dir Iech en éischten Iwwerbléck iwwer Äre perséinleche Profil verschafe kënnt.
Fir Iech selwer besser kennenzeléieren a besser ze wëssen, a wéi eng Richtung Dir Iech orientéiere wëllt, kënnt Dir Online-Tester maachen, mat deenen Dir Iech en éischten Iwwerbléck iwwer Äre Profil verschafe kënnt.
Méi Informatiounen um Site vun der Maison de l’orientation