D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Certificat de capacité professionnelle – CCP

Erwuessener, déi eng éischte Kéier oder op en Neits de Wonsch verspieren, en Handwierk oder e Beruff ze léieren oder hir berufflech Carrière ëmzeorientéieren, kënnen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener e CCP am duale System kréien.

De CCP ass eng berufflech Grondausbildung.

All Persoun, déi am Berufssliewe steet, kann och e CCP iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) kréien.

Erwuessenebildung - Lëscht vun de CCPen

All berufflech Ausbildungen, déi am Kader vun engem Ausbildungsvertrag ugebuede ginn, si fir Erwuessener zougänglech. D'Kandidate kënne sech beim Beruffsinformatiouns-Zentrum vun der Aarbechtsagence (Agence pour le développement de l’emploi - ADEM) informéieren.

Lëscht vun de CCPen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag.

Bei der Erwuessenebildung mussen d'Kandidaten:

  • op d'mannst 18 Joer al sinn,
  • den initiale Schoulsystem (oder den initialen Ausbildungsvertrag) zanter mindestens engem Joer verlooss hunn,
  • zanter mindestens 12 Méint a fir op d'mannst 16 Stonnen d'Woch bei der CCSS (Centre Commun de la Sécurité Sociale) affiliéiert sinn.

OrganisatiounKontakt

Bei engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener gëtt d'Formatioun am duale System ugebueden:

  • Schoulesch Ausbildung an engem Lycée,
  • Modullen am Formatiounsorganismus, déi de Kandidat am Kader vu senger Beschäftegung bei der Entreprise, mat där hien en Ausbildungsvertrag ofgeschloss huet, suivéiert. D'Entreprise muss autoriséiert sinn, fir Léierjongen a -meedercher auszebilden.
    Erwuessen Apprentië kréie während hirer Ausbildung de soziale Mindestloun.

Erwuessener, déi eng Ausbildung maache wëllen, mussen hiren Dossier perséinlech beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM ofginn. Den Dossier gëtt der Commission consultative virgeluecht, déi dem Kandidat hir Entscheedung schrëftlech matdeelt. Am Fall vun enger positiver Entscheedung kontaktéiert den erwuessenen Apprenti, deen eng Entreprise fir seng Ausbildung fonnt huet, de Beruffsberodungsservice vun der ADEM, fir d'Dokumenter, déi fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag néideg sinn, ofzehuelen.

Ausbildungsverträg fir Erwuessener kënnen nëmmen tëschent dem 16. Juli an dem 1. November vum Ausbildungsjoer ofgeschloss ginn.

ADEM – Agence pour le développement de l’emploi (Aarbechtsagence)
Beruffsberodungsservice

Maison de l'Orientation
58, boulevard Grande-Duchesse Charlotte
L-1330 Luxembourg
Tel. +352 247 85480
+352 247 85387     
Info.op@Adem.public.lu
www.Adem.public.lu


Maison de l'Orientation "Beim Park"
7, avenue de la Gare
L-9233 Diekirch
Tel. +352 247 65430


Agence Belval
1, blvd. Porte de France
L-4360 Esch-sur-Alzette
Tel. +352 247 75411

D'Participatioun un de Coursen hänkt vun de Sproochekenntnesser of, déi fir d'Formatioun néideg sinn.

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer