De Formatiouns-Observatoire
De Formations-Observatoire (Observatoire de la formation) mécht Etuden a stellt de staatlechen a privaten Decideure säin Know-how zur Verfügung, fir wirtschaftleche Verännerunge virzegräifen an d'Politik am Beräich vun der Formatioun an der Beschäftegung ze steieren. E steet mat den institutionellen Acteuren, déi am Beräich vum liewenslaange Léieren aktiv sinn, a Kontakt.
Op sengem Aarbechtsprogramm sti verschidden Etuden an Analysen:
- D'Formatiounspraktike vun den Entreprisen
D'Analys vun de Formatiounspraktike vun den Entreprisë befaasst sech mam Zougang vun de Salariéen zu der Formatioun, mam Formatiounseffort vun den Entreprisen a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Staat fir d'Formatiounspläng vun den Entreprisen am Kader vun de Gesetzer iwwer d'Fërderung an d'Entwécklung vun der berufflecher Weiderbildung.
- D'Offer am Beräich vun der Formatioun
All 3 Joer gëtt bei de Formatiounsinstituter zu Lëtzebuerg eng periodesch Ëmfro duerchgefouert, déi sech mat der Struktur an de Formatiounspraktike vu Formatiounsinstituter befaasst.
- Den Iwwergang vun der Schoul an d'Beruffsliewen (Transition École-Vie Active - TEVA)
TEVA ass eng Längsschnittstudie, déi den Ufank vun de Schüler hirer berufflecher Carrière analyséiert, nodeem si de Schoulsystem verlooss hunn. D'Job-Perspektive fir Schüler, déi hir Beruffsausbildung an den Enseignement secondaire général ofgeschloss hunn, ginn am Barometer vun der berufflecher Insertioun duergestallt.
De Formatiouns-Observatoire ass och fir d'Koordinatioun vum Lëtzebuerger Konsortium vum ReferNet, dem europäesche Referenz- an Expertise-Reseau fir d'berufflech Aus- a Weiderbildung, zoustänneg.
Dëse Reseau gouf vum Europäeschen Zentrum fir d'Entwécklung vun der Beruffsausbildung (Centre européen pour le développement de la formation professionnelle - Cedefop) an d'Liewe geruff a gëtt vun him bedriwwen, fir dem wuessende Besoin un Informatiounen, déi et erlaben, d'Politik an d'Entwécklungen an der Beruffsausbildung an de Memberstaaten ze vergläichen, gerecht ze ginn.