Sech onofhängeg vum Alter, vun der schoulescher Ausbildung oder der berufflecher Situatioun iwwer d'schoulesch Parcoursen, Héichschoulstudien, d'Erwuessenebildung, d'schoulesch a berufflech Ëmorientéierung informéieren a berode loossen
Jidderee muss am Laf vu sengem Liewen Zäite bewältegen, an deene villes sech ännert, onofhängeg dovun, ob dës Changementer fräiwëlleg sinn oder net. Dat betrëfft z. B. konkreet den Iwwergang vu Schoul zu Schoul, vun der Schoul an d'Inaktivitéit, vun der Schoul an d'Beruffsliewen, vum Beruffsliewen an de Chômage, vum Chômage zeréck an d'Beruffsliewen oder och nach vun enger Aarbechtsplaz op eng aner.
Bei all Transitioun stellt sech déi méi oder manner einfach Fro no der Orientatioun oder der Reorientatioun, déi ee senger Carrière wëllt ginn. Bei der Gestaltung vu sengem beruffleche Parcours ass d'Orientatioun en Instrument, fir säi Formatiounsparcours ze optiméieren, den Zougang vun de Jugendlechen zum Beruffsliewen ze verbesseren oder d'berufflech Mobilitéit an d'Ëmschoulung vun den Erwuessenen am Laf vum Beruffsliewen ze erliichteren.
Et geet drëm, deem Eenzelen derbäi ze hëllefen, eegeverantwortlech Decisiounen ze treffen, an hien an Zäite vum Wiessel ze begleeden. Fir hien optimal virzebereeden, musse fir d'éischt emol d'Kompetenzen definéiert ginn, déi hien an all Liewensabschnitt, vun der Jugend bis zum Rentenalter, brauch oder sech uneegne muss.
D'Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, an där déi ëffentlech Acteuren am Beräich vun der schoulescher an der berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach regruppéiert sinn.
D'Offer vun der Maison de l'orientation riicht sech un all Bierger, dee Berodung am Zesummenhang mat senger schoulescher oder berufflecher Orientatioun sicht, fir seng Fäegkeeten, Kompetenzen an Interessen ze bestëmmen a pertinent Decisioune fir de Choix vu senge Studien, Formatiounen a berufflechen Aktivitéiten ze huelen.
An hirem "Espace orientation" begréisst d'Maison de l'orientation all Bierger, déi Informatiounen a Berodung zu hirem schoulesche Parcours, hirer Beruffsausbildung oder hirer Karriär sichen, vu méindes bis freides vun 8:00 bis 17:00 Auer. Si bitt och individuell Orientéierungscoaching-Sessioune fir Jonker tëschent 14 an 22 Joer un. Dës Sessiounen sinn op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch verfügbar a ginn entweder online oder op der Plaz an der Maison de l'orientation ofgehalen.