Bäihëllef fir d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit
D'Legislatioun schreift den Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen an d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun oder Optioun kréie wëllen, vir
- de Cours "Zesummen zu Lëtzebuerg liewen" matzemaachen,
- den Exame fir d’Evaluatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch "Sproochentest Lëtzebuergesch" ze packen.
Méi Detailer iwwer d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit.
Remboursement vun den Aschreiwungskäschten
De Staat rembourséiert dem Kandidat ënnert de Konditiounen, déi an engem groussherzogleche Reglement festgeluecht sinn, a bis zu enger Héicht, déi am selwechte Reglement festgeluecht ass, d'Käschte vun der Aschreiwung fir:
- de Lëtzebuerger Sproochentest (Aschreiwungskäschten: 75 €).
de Cours "Aféierung an d'Lëtzebuerger Sprooch" (24 Stonnen) mam Schwéierpunkt mëndlechen Ausdrock an Héierverstoen.
Dëse Cours gëtt vum Nationale Sproocheninstitut (Institut national des langues - INL) oder engem Prestataire, deem säi Programm vum Minister, dee fir d'Educatioun zoustänneg ass, agreéiert ass.
-
aner Lëtzebuergeschcoursen, déi vum INL oder engem Prestataire, deem säi Programm vum Minister, dee fir d'Educatioun zoustänneg ass, agreéiert ass, organiséiert ginn an am Kader vun enger Demande fir d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit suivéiert ginn.
D'Demande fir de Remboursement muss beim Service de l'Indigénat vum Justizministère agereecht ginn.