Bei den Inhalt goen

Webinar / Online-Seminaire

Lescht Aktualiséierung : 13.12.2024

Definitioun

Online-Evenement (Workshop, Konferenz oder Presentatioun), wärend deem d'Intervenantë mat hirem Publikum iwwer Quizzen, Sondagen an Ëmfroen interagéiere kënnen.

Commentaire

E Webinar kann an de follgende Formater stattfannen:

  • live: punktuellt Evenement, dat op engem festgeluechten Datum zu enger festgeluechter Zäit ofgehale gëtt;
  • op Ufro: d'Participante(ë) kënnen entscheeden, wéini si sech d'Evenement ukucke wëllen;
  • automatiséiert: d'Evenement gouf am Viraus opgeholl an op eng Plattform eropgelueden.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"