Bei den Inhalt goen

Europäesche Leeschtungspunktesystem fir berufflech Ausbildung a Bildung (ECVET)

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Technesche Kader fir den Transfert, d'Unerkennung an eventuell d'Kapitaliséierung vun den Acquis d'apprentissage, déi eng Persoun am Hibléck op eng Certificatioun erreecht huet. Zu den Instrumenter a Methode vum ECVET zielen d'Beschreiwung vun de Certificatiounen a Form vun Unités d'acquis d'apprentissage, mat der associéierter Punktenzuel, en Transferts- a Kapitaliséierungsprozess an zousätzlech Dokumenter wéi Léierverträg, Relevéë vun de Resultater a Guidë fir d'Benotzer vum ECVET-System.

NB:
  • Mat dësem Kader solle folgend Aspekter gefërdert ginn:

    • d'Mobilitéit vun de Persounen, déi an enger Formatioun sinn;
    • d'Kapitaliséierung, den Transfert an d'Validatioun vu Resultater/Acquis d'apprentissage (formell, net formell oder informell), déi a verschiddene Länner erreecht goufen;
    • d'Ëmsetzung vum liewenslaange Léieren;
    • d'Transparenz vun de Qualifikatiounen;
    • d'géigesäitegt Vertrauen an d'Zesummenaarbecht tëschent de Prestatairen am Beräich vun der berufflecher Bildung an Ausbildung an Europa.
  • Den ECVET-System berout op der Beschreiwung vu Qualifikatiounen, déi a Form vu Resultater/Acquis d'apprentissage (Wëssen, Fäegkeeten a Kompetenzen) ausgedréckt ginn an an Unitéiten, déi iwwerdrobar a kumuléierbar sinn, organiséiert sinn. Un dës Unitéite si Leeschtungspunkte gebonnen, déi an engem perséinleche Relevé vun de Resultater/Acquis d'aprentissage festgehale ginn.

Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"