Bei den Inhalt goen

Europäesche System fir den Transfert an d'Accumulatioun vu Kreditter (ECTS)

Lescht Aktualiséierung : 13.12.2024

Definitioun

System deen dora besteet, en Héichschoulprogramm duerch d'Attributioun vu Kreditter fir déi eenzel Bestanddeeler (Modüllen, Coursen, Stagen, Dissertatiounen, Theesen asw.) ze beschreiwen, mam Zil:

  • d'Liesbarkeet an d'Vergläichbarkeet vun de Studieprogrammer fir in- an auslännesch Studenten ze erliichteren;
  • d'Mobilitéit vun de Studenten an d'Validatioun vun de Léierresultater ze fërderen;
  • d'Universitéiten dobäi ze ënnerstëtzen, hir Studieprogrammer ze organiséieren an ze iwwerschaffen.

Commentaire

  • Den ECTS-System berout um Aarbechtspensum, deen de Student bewältege muss, fir d'Ziler vun engem Programm ze erreechen, déi a Form vu Léierresultater festgeluecht sinn;

  • 60 ECTS-Kreditter entspriechen engem ganze Studien- oder Aarbechtsjoer. Am Kader vun engem klasseschen Universitéitsjoer ginn dës Kreditter an der Reegel op e puer Modülle verdeelt:
    • e "Kuerzstudiegang" ("qualification de cycle court") emfaasst an der Reegel 90 bis 120 ECTS-Kreditter;
    • en "Ofschloss vum éischte Studienzyklus" (Bachelor-Diplom) ëmfaasst 180 oder 240 ECTS-Kreditter;
    • en "Ofschloss vum zweete Studienzyklus" (Master-Diplom) ëmfaasst an der Reegel 90 oder 120 ECTS-Kreditter;
    • am "drëtten Zyklus" (Doktorat) gëtt den ECTS ënnerschiddlech benotzt;
  • Persounen, déi vergläichbar Léierresultater aus anere Léierkontexter virweise kënnen, kënnen dës bei de Certificatiounsorganismen unerkenne loossen oder Kreditter (Dispensen) dofir kréien.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"