Bei den Inhalt goen

Lissabon-Strategie

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Strategie, déi drop ausgeriicht ass, d'Europäesch Unioun (EU) virum Joer 2010 zu der kompetitiivster Wirtschaft vun der Welt ze maachen a Vollbeschäftegung ze erreechen. Dës Strategie gouf am Kader vun e puer Rotssëtzungen nom Rot vu Lissabon weiderentwéckelt a berout op dräi Pilieren:

  • en ekonomesche Pilier, deen den Iwwergang zu enger kompetitiver, dynamescher a wëssensbaséierter Ekonomie virbereede soll. De Schwéierpunkt läit op der Noutwendegkeet, sech permanent un d'Entwécklung vun der Informatiounsgesellschaft unzepassen an den Efforten, déi am Beräich vun der Fuerschung an der Entwécklung ze maache sinn;
  • e soziale Pilier, mat deem den europäesche Sozialmodell duerch Investissementer an d'Ressources humaines an duerch de Kampf géint d'sozial Ausgrenzung moderniséiert soll ginn. D'Memberstaate ginn opgeruff, an d'Bildung respektiv d'Ausbildung ze investéieren an eng aktiv Aarbechtsmaartpolitik ze bedreiwen, fir den Iwwergang zu der wëssensbaséierter Ekonomie ze erliichteren;
  • en ekologesche Pilier, deen am Juni 2001 beim EU-Sommet zu Göteborg derbäigesat ginn ass, an deen drop opmierksam mécht, dass d'wirtschaftlecht Wuesstem vun der Notzung vun natierleche Ressourcë muss ofgekoppelt ginn.

NB: D'Agenda 2020, déi d'Kommissioun am Mäerz 2010 virgestallt huet (Europa 2020 - eng Strategie fir en intelligenten, nohaltegten an inklusive Wuesstem) ass d'Fortsetzung vun der Lissabon-Strategie. Besonnesch d'Dokument "Education et formation 2020" (ET 2020) definéiert en neie strategesche Kader fir déi europäesch Zesummenaarbecht am Beräich vun der allgemenger an der berufflecher Bildung.

Source: Cedefop (2011) "Glossaire - La qualité dans l'enseignement et la formation"