Bei den Inhalt goen

Qualifikatioun

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

De Begrëff Qualifikatioun deckt verschidden Aspekter of:

  • déi formell Qualifikatioun: formellt Resultat (Certificat, Titel oder Diplom) vun engem Evaluatiouns- a Validatiounsprozess, mat deem eng zoustänneg Autoritéit bestätegt, dass eng Persoun déi Resultater/Acquis d'apprentissage erreecht huet, déi enger bestëmmter Norm entspriechen an/oder iwwer déi néideg Kompetenze verfügt, fir eng Tätegkeet an engem spezifeschen Aktivitéitsberäich auszeüben. Eng Qualifikatioun erkennt de Wäert vun de Resultater/Acquis d'apprentissage um Aarbechtsmaart oder am allgemengen oder beruffleche Bildungsberäich offiziell un. Eng Qualifikatioun kann e rechtlechen Usproch op d'Ausübe vun engem bestëmmte Beruff begrënnen (OECD);
  • d'Ufuerderunge fir d'Qualifikatioun: d'Zomm vum Wëssen, Know-how, de Fäegkeeten a Kompetenzen, déi et enger Persoun erlaben, déi Aufgaben auszeféieren, déi mat enger bestëmmter Aarbechtsplaz verbonne sinn (BIT).

Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"