Bei den Inhalt goen

Weiderbildungsparcoursen

Lescht Aktualiséierung : 26.11.2024

Definitioun

Vum Rot vun der Europäescher Unioun am Joer 2016 definéierte Kader, deen de Memberstaate vun der EU recommandéiert, am Aklang mat der Legislatioun, der Situatioun an den um nationale Plang verfügbare Ressourcen, gradewéi an enker Kooperatioun mat de Sozialpartner an de Prestatairen aus der allgemenger an der berufflecher Bildung:

  • den Erwuessenen, déi e geréngen Niveau u Wëssen, Fäegkeeten a Kompetenzen hunn, an deenen, déi déi allgemeng a berufflech Éischtausbildung ouni Ofschloss vum zweeten Zyklus vum Enseignement secondaire oder engem equivalenten Niveau ofgebrach hunn, den Zougang zu Weiderbildungsparcoursen ze erméiglechen, déi hinnen, jee no hire Besoinen, d'Méiglechkeet ginn:

    • e Mindestniveau u Kompetenzen am Liesen, Schreiwen, Rechnen an an den digitale Kompetenzen ze erreechen;
    • méi e breeden Ensembel u Wëssen, Fäegkeeten a Kompetenzen ze kréien, déi fir den Aarbechtsmaart a fir hir aktiv Bedeelegung an der Gesellschaft wichteg sinn, andeem si sech, en fonction vun der Situatioun um nationalen Niveau, op eng Qualifikatioun vum Niveau 3 oder 4 vum CEC weiderentwéckelen;
  • prioritär Zilgruppen ze identifizéieren, fir Weiderbildungsparcoursen um nationale Plang ze entwéckelen, an dobäi och d'Dimensioun Mann-Fra, d'Diversitéit an déi verschidden Ënnergruppen an der Zilbevëlkerung ze berücksichtegen;
  • d'Weiderbildungsparcoursen op deene follgenden dräi Etappen opzebauen:

    • Kompetenzebilan;
    • Bereetstelle vun enger ugemoossener, flexibeler an héichwäerteger Formatiounsoffer; a
    • Validatioun an Unerkennung vun den ugëeegente Kompetenzen.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"