Bei den Inhalt goen

Orientatioun a Berodung

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Ensembel vun den Aktivitéiten, déi drop ausgeriicht sinn, deem Eenzelnen derbäi ze hëllefen, Entscheedungen iwwer säi Liewen ze treffen (schouleschen, berufflechen, perséinleche Choix) an dës ëmzesetzen, sief et vir oder no sengem Antrëtt an d'Beruffsliewen.

NB:
  • D'Orientatioun an d'Berodung ëmfaasse folgend Aktivitéiten:

    • Berodung (perséinlech oder beruffflech Entwécklung, Orientatioun);
    • Evaluatioun (psychologesch Aspekter, Kompetenzen oder Leeschtungen);
    • Informatiounen iwwer d'Offer am Beräich vun der Formatioun, Beschäftegungsperspektiven oder d'Gestioun vun der Carrière;
    • Gespréicher mat Beruffskollegen, der Famill oder Enseignanten;
    • Virbereedung op de Beruff (Valorisatioun vun de Kompetenzen an der Erfarung virun der Sich no enger Aarbecht);
    • Vermëttlung un en anere Spezialist am Beräich vun der schoulescher oder berufflecher Orientatioun;
  • D'Orientatioun an d'Berodung kënnen an de Schoulen, de Formatiounsinstituter, der Gemeinschaft oder anere Strukture stattfannen.
Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"