Bei den Inhalt goen

Formatiounsingenierie

Lescht Aktualiséierung : 13.12.2024

Definitioun

Ensembel vun Aktivitéiten, déi sech op d'Gestaltung an d'Ëmsetzung vu Bildungs- an Ausbildungsmoossnamen a -programmer bezéien, fir en am Viraus festgeluecht Zil ze erreechen.

Commentaire

D'Ingenierie vun der allgemenger an der berufflecher Bildung ëmfaasst d'Analys vun der Demande, de Formatiounsbesoinen, d'Konzeptioun vum Formatiounsprojet (Programmer a Curricula), d'Koordinatioun an d'Iwwerwaachung vun der Ëmsetzung an d'Evaluatioun vun de Léierresultater.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"