Bei den Inhalt goen

Formatioun fir Formateuren (Train the trainer)

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Theoretesch oder praktesch Formatioun fir Enseignanten oder Formateuren.

NB: D'Formatioun fir Formateuren:

  • adresséiert sech un Enseignanten a Formateuren, déi schonn aktiv oder nach an der Ausbildung sinn (haaptberufflech Formateuren) an u Professioneller, déi den Apprenant op der Aarbechtsplaz encadréieren (occasionnel Formateuren);
  • deckt eng grouss Palett vu Kompetenzen of: allgemeng, technesch, wëssenschaftlech oder berufflech Fachkënntnesser, psychologesch, pädagogesch a soziologesch Kompetenzen, Management-Kompetenzen, Kenntnesser iwwer d'Aarbechtswelt, iwwer d'Ausbildungsstrukturen an d'Zilgruppen;
  • betrëfft och d'Formatiounsingenierie, d'Organisatioun an d'Ëmsetze vu Formatiounsmesurë souwéi d'Formatiounsaktivitéit u sech, d. h. d'Vermëttlung vu Wëssen, Know-how a Kompetenzen.

Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"