Bei den Inhalt goen

Éischtausbildung

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Allgemeng oder berufflech Bildung am Kader vum initiale Bildungs- oder Ausbildungssystem, normalerweis virum Antrëtt an d'Beruffsliewen.

NB:
  • Fir verschidden Auteure kann eng komplett Formatioun, déi nom Antrëtt an d'Beruffsliewen absolvéiert gëtt, als Éischtausbildung ugesi ginn;
  • déi initial Bildung an Ausbildung decken all d'Niveauen an de Filièrë vum allgemengen oder beruffleche Bildungssystem (Vollzäit am Etablissement oder en alternance) oder vun der Beruffsausbildung of.
Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"