Bei den Inhalt goen

Formatioun am Betrib

Lescht Aktualiséierung : 26.11.2024

Definitioun

Verschidde Praktiken, ugefaange vu kuerzen Zäitraim, wärend deenen en Apprenant d'Aarbecht vun engem Salarié beobacht, bis hin zu strukturéierten, laangfristege Stagen, déi engem Apprenant eng Qualifikatioun erméiglechen, zum Beispill:

  • Formatioun duerch Observatioun (Job shadowing): ganz kuerzen Zäitraum – an der Reegel e puer Deeg – wärend deenen de Schüler oder Student eng Persoun bei der Aarbecht beobacht, fir hir Aktivitéit ze entdecken. Dës Praktik, déi sech normalerweis u jonk Schüler riicht, soll et hinnen erméiglechen, Beruffer ze entdecken;
  • Stage: kuerzen Zäitraum – an der Reegel e puer Wochen oder Méint – wärend deem de Schüler oder Student op der Aarbechtsplaz present ass a verschidden Aufgaben iwwerhëlt, meeschtens ouni bezuelt ze ginn oder géint eng geréng Entschiedegung; d'Stagë kënnen duerch eng Konventioun gereegelt ginn;
  • Beruffsausbildung: méi strukturéiert Formatioun, déi sech an der Reegel iwwer e puer Joer zitt an zu enger Qualifikatioun féiert;
  • Formatioun vun de Salariéen: Formatioun vun de Mataarbechter op der Aarbechtsplaz.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"