Bei den Inhalt goen

Erwuessenebildung

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

D'Erwuessenebildung adresséiert sech un all déi Erwuessen, déi de Schoulsystem verlooss hunn, onofhängeg vun hirem Alter an hirem Schoulniveau, an dovun, ob si am Beruffsliewe stinn oder eng Aarbecht sichen. D'Erwuessenebildung an déi berufflech Ausbildung si speziell op d'Besoine vun den Erwuessenen ausgeriicht. Si erlaben et jidderengem, zu verschiddenen Zäitpunkte vu sengem Liewen vun enger Formatioun ze profitéieren, fir en éischten Diplom ze kréien, sech Kenntnesser unzëeegnen oder dës ze erweideren, sech berufflech ëmzeorientéieren, un déi nei Technologien unzepassen, säin Allgemengwëssen ze verbesseren asw. …

D'Erwuessenebildung an déi berufflech Weiderbildung adresséiere sech besonnesch:

  • u Persounen, déi hir Studien oder Ausbildung net ofgeschloss hunn an déi eng Grondausbildung oder en Diplom vum Enseignement secondaire oder secondaire technique (2. Bildungswee) kréie wëllen,
  • un d'Titulairë vun engem DAP oder engem CATP, déi eng Meeschterkaart virbereede wëllen;
  • u Leit, déi eng Aarbecht sichen an esou hir Chancë fir d'Reinsertioun um Aarbechtsmaart verbessere wëllen;
  • un d'Titulairë vun enger berufflecher oder technescher Qualifikatioun, déi dës ergänzen oder upasse wëllen, fir hir Aarbechtsplaz ofzesécheren, hir Competitivitéit ze verbesseren, sech berufflech ëmzeschoulen asw.
  • un all déi Erwuessen, déi hir Kenntnesser an de Sproochen oder an anere gesellschaftlechen, wirtschaftlechen, kulturellen asw. Beräicher aus berufflechen oder perséinleche Grënn erweidere wëllen.

Source: Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse