Bei den Inhalt goen

Evaluatioun vun de Léierresultater

Lescht Aktualiséierung : 26.11.2024

Definitioun

Prozedur fir d'Bewäertung vu Wëssen, Knowhow, Informatioun, Wäerter, Fäegkeeten a Kompetenzen – déi e Kandidat sech an engem formellen, net formellen oder informelle Kontext ugëeegent huet – unhand vun normaliséierte Referentiellen (Léierresultater oder Validatioun).

Commentaire
  • D'Evaluatioun vun de Léierresultater féiert normalerweis zu enger Certificatioun;
  • am Englesche bezitt sech de Begrëff "Assessment" an der Reegel op d'Evaluatioun vun de Kompetenze vun den Apprenanten, wärend "Evaluatioun" éischter op d'Bewäertung vun de Methoden oder de Prestatairen an der allgemenger an an der berufflecher Bildung verweist;
  • dëse Begrëff ass Famill, awer net synonym mat: Evaluatioun vun der allgemenger a vun der berufflecher Bildung.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"