Bei den Inhalt goen

Formatiounserwaardung

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Zu Lëtzebuerg kënnen d'Entreprisë fir hir Investissementer am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung eng finanziell Bäihëllef vum Staat ufroen. An de Kofinanzéierungsdemanden, déi si areechen, gëtt de Formatiounsplang, deen si ëmgesat hunn, qualitativ a quantitativ beschriwwen. An dësem Kontext gi verschidden Indicateuren am Zesummenhang mam Investissement vun den Entreprisen an d'Formatioun analyséiert.

D'Formatiounserwaardung gëtt definéiert iwwer d'Zuel vu Jours-hommes de formation, un deenen e Salarié erwaarde kann, am Laf vun engem Joer deelzehuelen (ee Jour-homme = 8 Stonnen).

Source: INFPC, Observatoire de la formation - Formastat 2012