Bei den Inhalt goen
Lescht Aktualiséierung : 22.02.2024

Definitioun

ESCO (European Skills, Competences, Qualifications and Occupations) ass déi méisproocheg europäesch Klassifikatioun vun de Fäegkeeten, Kompetenzen a Beruffer.

ESCO funktionéiert ewéi en Dictionnaire, an deem déi fir den Aarbechtsmaart souwéi déi allgemeng a berufflech Bildung an der EU relevant Beruffer a berufflech Kompetenze beschriwwen, identifizéiert a klassifizéiert ginn. Dës Konzepter an d'Relatiounen tëschent hinne kënne vun elektronesche Systemer verstane ginn, sou datt verschidden Online-Plattformen ESCO fir Servicer notze kënne wéi z. B. d'Adequatioun tëschent den Demandeurs d'emploi an den Aarbechtsplazen op der Basis vun hire Kompetenzen, d'Recommandatioun vu Formatioune fir Persounen, déi sech ëmschoule wëllen oder hir Kompetenze verbessere wëllen, asw.

ESCO liwwert Beschreiwunge vun 2.942 Beruffer an 13.485 Kompetenzen, déi mat dëse Beruffer verbonne sinn, iwwersat a 27 Sproochen (all déi offiziell EU-Sprooche plus Islännesch, Norwegesch an Arabesch).

Zil vun ESCO ass et, d'berufflech Mobilitéit queesch duerch Europa ze verbesseren an esou den Aarbechtsmaart méi integréiert a méi effikass ze gestalten, andeem déi verschidden Acteuren an de Beräicher Beschäftegung, Bildung a Formatioun eng "gemeinsam Sprooch" notze kënnen, fir iwwer d'Beruffer an d'Kompetenzen ze schwätzen.

ESCO ass e Projet vun der Europäescher Kommissioun, dee vun der Generaldirektioun fir Beschäftegung, Soziales an Inklusioun (DG EMPL) geréiert gëtt, an ass op engem Online-Portal accessibel, wou e ka gratis consultéiert ginn. Déi éischt komplett Versioun (ESCO v1) gouf den 28. Juli 2017 verëffentlecht. Déi lescht Versioun vun der Klassifikatioun kann iwwer d'API ESCO erofgelueden oder consultéiert ginn.

Quell: https://esco.ec.europa.eu