Bei den Inhalt goen

Allgemeng a berufflech Weiderbildung

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Léieren, dat no der Éischtausbildung – oder nom Antrëtt an d'Beruffsliewen – stattfënnt an drop ausgeriicht ass:

  • Kenntnisser, Knowhow a Kompetenzen ze verdéiwen oder ze aktualiséieren (berufflech Weiderbildung);
  • sech nei Kompetenze bei engem Karriärswiessel unzëeegnen (Ëmschoulung/Requalifikatioun);
  • déi berufflech Entwécklung no vir ze dreiwen.

Commentaire:

Déi allgemeng a berufflech Weiderbildung:

  • ass en Deel vun der Erwuessenebildung, deen op d'berufflech Weiderentwécklung ausgeriicht ass;
  • ass entscheedend fir d'Employabilitéit vun de Beschäftegten, onofhängeg vun hirem Alter, hirem Qualifikatiounsniveau an hirer berufflecher Situatioun;
  • ass e wichtegt Element vum liewenslaange Léieren. Ëmfang an Inhalt bezéie sech gréisstendeels op net formellt an informellt Léieren, dat fir d'Verbesserunge vun de Kompetenzen durchgefouert gëtt;
  • gëtt vun enger Rei vu Prestatairen an an ausserhalb vun der formeller allgemenger a berufflecher Weiderbildung, am Privat- wéi och am ëffentleche Secteur, ugebueden. Si baséiert dacks op Léieren am Aarbechtsëmfeld;
  • deckt eng breet Pallett vu Kompetenzen of, souwuel beruffsspezifesch ewéi och transversal.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"