Bei den Inhalt goen

Berufflech Bildung

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Léieren, dat drop ausgeriicht ass, sech beruffsspezifescht oder transversaalt Wëssen an Knowhow, genee ewéi Informatiounen, Wäerter, Fäegkeeten a Kompetenzen unzëeegnen, déi fir bestëmmte Beruffer oder méi allgemeng um Aarbechtsmaart gefrot sinn.

Commentaire:

  • D'berufflech Bildung deckt d'berufflech Éischtausbildung, d'berufflech Weiderbildung op den Niveaue Secondaire, Post-secondaire a Supérieur of; si spillt eng zouneemend wichteg Roll am Beräich vun der Ëmschoulung an der berufflecher Weiderentwécklung vun den Erwuessenen;
  • d'berufflech Bildung kann a villen ënnerschiddlechen – formellen an net formellen – Kaderen a Secteuren – ëffentlech oder privat – stattfannen.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"