Bei den Inhalt goen

Enquête iwwer d'Erwuessenebildung

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Enquête vun der Europäescher Unioun iwwer d'Participatioun u Léieraktivitéite vu Persounen am Alter vu 25 bis 64 Joer am Laf vun den 12 Méint virum Interview.

Commentaire:

D'Enquête gëtt all fënnef Joer duerchgefouert an deckt déi follgend Indicateuren of:

  • Participatioun un Aktivitéiten am Kader vum formelle Léieren a vum net formelle Léieren;
  • Zuel vun den Unterrechts-/Ausbildungsstonnen;
  • Charakteristike vun de Léieraktivitéiten;
  • Motivatioun vun de Participant(e)n;
  • Hürde fir d'Participatioun;
  • Zougang zu Informatiounen iwwer d'Formatiounsméiglechkeeten;
  • Finanzement iwwer den Employeur a Käschte vun der Formatioun;
  • Sproochkompetenzen, déi d'Persoun selwer ugëtt.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"