Bei den Inhalt goen

Kompetenzen an den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien (ICT)

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

D'Kompetenzen, déi néideg si fir d'Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien (ICT) efficace ze notzen.

NB: An engem Rapport iwwer d'Relatiounen tëschent ICT-Kompetenzen an der Beschäftegung proposéiert d'OECD eng einfach Klassifikatioun:
  • professionell ICT-Kompetenzen: Fäegkeet fir komplex ICT-Instrumenter ze benotzen an/oder dës Zort vun Instrumenter ze entwéckelen, ze verbesseren oder ze schafen;
  • avancéiert ICT-Kompetenzen: Fäegkeet fir einfach ICT-Instrumenter an engem allgemenge professionellen Ëmfeld (net informatesch Beruffer) ze benotzen;
  • Grondkompetenzen an den ICT oder ICT-Literacy: Fäegkeet fir d'ICT fir einfach Aufgaben an als Léiermëttel ze benotzen.

Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"