Bei den Inhalt goen

Kompetenze fir eng gréng Ekonomie

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Wëssen, Fäegkeeten, Wäerter an Astellungen, déi néideg sinn, fir an Ekonomien an a Gesellschaften ze liewen an ze schaffen, an déi d'Auswierkunge vun den Handlunge vum Mënsch op d'Ëmwelt reduzéiere wëllen.

Commentaire:

  • D'Kompetenze fir eng gréng Ekonomie ëmfaassen:
    • transversal Kompetenzen ewéi nohaltegt Denken an Handelen, déi fir all wirtschaftlech Secteuren an all Beruffer relevant sinn;
    • spezifesch Kompetenzen, déi néideg sinn, fir Normen, Prozesser an Déngschtleeschtungen unzepassen oder ëmzesetzen am Hibléck op de Schutz vun den Ekosystemer an der Biodiversitéit an d'Reduktioun vum Verbrauch vun Energie, Materialer a Waasser;
    • héichspezialiséiert Kompetenzen, déi néideg si fir d'Entwécklung an d'Ëmsetzung vu gréngen Technologië wéi erneierbar Energien, d'Opbereedung vun Ofwaasser oder de Recycling;
  • d'Kompetenze fir eng gréng Ekonomie ginn och Kompetenze fir gréng Jobs, Kompetenze fir de grénge Wandel oder gréng Kompetenze genannt.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"