Bei den Inhalt goen

Schlësselkompetenzen

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Wëssen, Fäegkeeten an Astellungen, déi all Mënsch fir seng perséinlech Entfaltung an Entwécklung, Employabilitéit, sozial Inklusioun, en nohaltege Liewensstil, d'Reusséieren an enger friddlecher Gesellschaft, eng gesondheetsbewosst Liewensgestaltung an eng aktiv Biergerschaft brauch.

Commentaire:

A senger Recommandatioun iwwer d'Schlësselkompetenze fir liewenslaangt Léieren (2018) beschreift de Rot vun der Europäescher Unioun aacht Schlësselkompetenzen:

  • Lies- a Schreifkompetenz;
  • Méisproochegkeet;
  • Kompetenz an der Mathematik, den Naturwëssenschaften, an den Technologien an an der Ingenierie;
  • digital Kompetenz;
  • perséinlech a sozial Kompetenz a Kompetenz, Léieren ze léieren;
  • Biergerkompetenz;
  • unternehmeresch Kompetenz;
  • Kompetenz am Zesummenhang mat kultureller Sensibilitéit an Ausdrocksfäegkeet.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"