Bei den Inhalt goen

Digital Kompetenz

Lescht Aktualiséierung : 13.03.2024

Definitioun

Fäegkeet, déi digital Technologien op eng sécher, kritesch a verantwortungsvoll Manéier ze benotzen, fir ze léieren, ze schaffen an un der Gesellschaft deelzehuelen. Si erstreckt sech op Informatiouns- an Datekompetenz, Kommunikatioun an Zesummenaarbecht, Mediekompetenz, Kreatioun vun digitalen Inhalter (Programméieren abegraff), Sécherheet (dat digitaalt Wuelbefannen an d'Kompetenzen am Zesummenhang mat der Cybersécherheet abegraff), Froen am Zesummenhang mat de geeschtegen Eegentumsrechter, Léise vu Problemer a kritescht Denken.

Commentaire:

  • Déi digital Kompetenz ass eng vun den aacht Schlësselkompetenze fir liewenslaangt Léieren, déi de Rot vun der Europäescher Unioun am Joer 2018 definéiert huet;
  • dëse Begrëff ass Famill, awer net synonym mat: digitaalt Léieren, digital Alphabetiséierung.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"