Bei den Inhalt goen

Centre européen pour le développement de la formation professionnelle (CEDEFOP)

Lescht Aktualiséierung : 01.02.2024

Definitioun

Dezentral Agence vun der Europäescher Unioun fir d'Fërderung, Entwécklung an Ëmsetzung vun der Unioun hire Moossnamen um Gebitt vun der berufflecher Aus- a Weiderbildung, de Kompetenzen an de Qualifikatiounen, an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun, den EU-Memberlänner (plus Island an Norwegen) an de Sozialpartner.

Commentaire:

De Cedefop:

  • analyséiert Tendenzen an de Beruffsbildungs-, Kompetenzen- a Qualifikatiounssystemer a -politicken a liwwert vergläichend Analyse vun dëse Politicken a Systemer an deene verschiddene Länner;
  • analyséiert Tendenzen um Aarbechtsmaart am Zesummenhang mat Kompetenzen, Qualifikatiounen an der Beruffsausbildung; 
  • analyséiert d'Entwécklungen am Beräich vun der Definitioun an dem Ausstelle vu Certificatiounen, vun hirer Organisatioun an engem entspriechende Kader a vun hirer Funktioun um Aarbechtsmaart souwéi am Kader vun der Beruffsausbildung, an dréit zu dësen Entwécklunge bäi mam Zil, d'Transparenz an d'Unerkennung vun dëse Certificatiounen ze verbesseren; 
  • analyséiert d'Entwécklungen am Beräich vun der Validatioun vum net formellen an informelle Léieren an dréit zu dësen Entwécklunge bäi;
  • erstellt Etüden oder gëtt dës an Optrag an erfuerscht déi relevant sozioekonomesch Entwécklungen an déi domat verknëppte politesch Froen; 
  • bitt Fore fir en Austausch vun Erfarungen an Informatiounen tëschent Regierungen, Sozialpartner an aneren um nationalen Niveau interesséierten Acteuren; 
  • dréit, besonnesch duerch seng evidenzbaséiert Informatiouns- an Analysaarbecht zu der Ëmsetzung vu Reformen a politesche Moossnamen um nationalen Niveau bäi; 
  • verbreet Informatiounen, fir e Bäitrag zu der Politik ze leeschten an d'Bewosstsinn an d'Verständnis fir d'Potenzial vun der Beruffsausbildung bei der Fërderung an der Ënnerstëtzung vun der Beschäftegungsfäegkeet, der Aarbechtsproduktivitéit an dem liewenslaangem Léieren ze schäerfen;  
  • geréiert Instrumenter, Datesätz a Servicer am Zesummenhang mat der Beruffsausbildung, de Kompetenzen, Beruffer a Qualifikatiounen a stellt dës de Bierger, Entreprisen, politeschen Decideuren, Sozialpartner an aneren interesséierte Partner zur Verfügung; 
  • schafft fir Froen, déi an den Zoustännegkeetsberäich vum Cedefop falen, eng Strategie fir d'Bezéiunge mat Drëttlänner a mat internationalen Organisatiounen aus.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"