Bei den Inhalt goen

Europäesche Certificatiounskader fir liewenslaangt Léieren (CEC)

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Referenzinstrument fir d'Beschreiwen a Vergläiche vu Certificatiounsniveauen an de Qualifikatiounssystemer, déi op nationalem, internationalem oder sektoriellem Niveau entwéckelt goufen.

NB: D'Haaptelementer vum CEC sinn aacht Referenzniveauen, déi a Form vu Resultater/Acquis d'apprentissage (Wëssen, Fäegkeeten an/oder Kompetenzen), beschriwwe ginn, souwéi Mechanismen a Grondsätz fir d'fräiwëlleg Zesummenaarbecht. Dës aacht Niveauen decke sämtlech Certificatiounen of, ugefaange bei deenen, déi Basiswëssen, -fäegkeeten a -kompetenze validéieren, bis hin zum héchsten Niveau vum Universitéitsenseignement a vun der berufflecher Aus- a Weiderbildung. De CEC ass en Iwwersetzungsinstrument fir Certificatiounssystemer.

Source: Cedefop (2014) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de 130 termes clés"