Bei den Inhalt goen

Cadre européen de référence pour l'assurance de la qualité dans l'enseignement et la formation professionnelles (CERAQ-EQAVET)

Lescht Aktualiséierung : 31.01.2024

Definitioun

Referenzkader, deen den EU-Memberstaaten hëllefe soll, d'Qualitéit vun hire Systemer fir d'berufflech Aus- a Weiderbildung weiderzeentwéckelen, ze verbesseren, ze steieren an ze evaluéieren.

Commentaire:

Déi am EQAVET proposéiert Methodologie stäipt sech op:

  • en Zyklus, deen aus véier Phasen (Plangen, Ëmsetzung, Evaluatioun an Iwwerpréiwung) besteet a fir Systemer a Prestatairen am Beräich vun der berufflecher Aus- a Weiderbildung definéiert gouf;
  • Qualitéitskrittären an indikativ Descripteure fir all Phas vum jeeweilegen Zyklus; 
  • gemeinsam Indikatoren, déi et erméiglechen, d'Ziler, d'Methoden, d'Prozesser an d'Resultater vun der Formatioun ze evaluéieren. Verschidden Indikatore baséieren op statisteschen Donnéeën, anerer op qualitative Krittären.
Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"