Bei den Inhalt goen

Qualitéitssécherung an der allgemenger a berufflecher Bildung

Lescht Aktualiséierung : 27.06.2018

Definitioun

Aktivitéiten (Plangen, Ëmsetzung, Evaluatioun, Reporting a Verbesserung vun der Qualitéit), déi duerchgefouert gi fir sécherzestellen, dass déi allgemeng a berufflech Bildung (Programminhalter, Curricula, Evaluatioun a Validatioun vun de Léierresultater asw.) de Qualitéitsuspréch vun de concernéierten Acteuren entsprécht.

NB:

  • d'Qualitéitssécherung dréit zu enger besserer Ofstëmmung tëschent der Offer an der Demande am Beräich vun der allgemenger an der berufflecher Bildung bäi;
  • d'Qualitéitssécherung deckt de Makroniveau (Bildungssystem), de Mesoniveau (Etablissementer) an de Mikroniveau (Bildungs- an Léierprozess) of.

Source: Cedefop (2011) "Glossaire - La qualité dans l'enseignement et la formation"