Bei den Inhalt goen

Apprentissage inversé

Lescht Aktualiséierung : 31.01.2024

Definitioun

Unterrechtsmodell, bei deem déi klassesch Reiefolleg vum Unterrecht oder vun der Formatioun ëmgekéiert gëtt. Amplaz e Cours mam Enseignant/mat der Enseignante oder mam Formateur/mat der Formatrice ze suivéieren an dat Geléiert dann individuell ëmzesetzen (Hausaufgaben, Online-Übungen asw.), léieren d'Apprenant(e)ën de Sujet fir d'éischt eleng ausserhalb vun der Klass (z. B. duerch Kucke vu Ressourcen am Internet) a behandelen en da méi genee an der Klass, woubäi se vum Enseignant/vun der Enseignante oder vum Formateur/vun der Formatrice bei der Uwendung vun den entspriechende Konzepter ugeleet ginn.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"