Bei den Inhalt goen

Apprentissage en ligne

Lescht Aktualiséierung : 01.02.2024

Definitioun

Unterrechtsmodell, bei deem den Enseignement oder d'Formatioun iwwer Internet stattfënnt.

Commentaire:

  • Online-Léiere ka synchron (vun engem Enseignant/Formateur geleet) oder asynchron (selwer gesteiert oder oppen) sinn;
  • Et brauch een:
    • Innovatioun an Upassung: nei pedagogesch Strategien an Instrumenter fir den Enseignement an d'Formatioun, en effikasse Suivi vum Engagement a vun der Evaluatioun vun den Apprenant(e)ën;
    • héichwäerteg Léierinhalter, benotzerfrëndlech Tools a geséchert Plattformen;
    • adequat Infrastruktur, Konnektivitéit an digital Ausrüstung;
    • effikasst Plangen an effikass Entwécklung vun digitale Fäegkeeten.

Quell: Cedefop (2023) "Terminologie de la politique européenne d’enseignement et de formation: Une sélection de termes clés"