Step 5: Schamloser Ausdruck und schuldlose Präsenz

Betribsiwwergräifend Formatioun

Wéi laang dauert d'Formatioun?

 3,00 Dag(Deeg)

Accueil: Freides mëttes ab 16.00 Auer

Ufank um 18.00 Auer

Samschdes a Sonndes moies, Ufank um 7 Auer 30

Afschlossronn, Sonndes um 15.00 Auer

A wéi enger/n Sprooch(en) gëtt d'Formatioun gehalen?

DE LU

Wéini ass déi nächst Sessioun?

 23.04.2027
Wou fënnt d'Formatioun statt?
 Hesseln-Leubsdorf

Wéi vill kascht d'Formatioun?

490,00€

Wien organiséiert dës Formatioun?

Tu as un désir de sérénité? Tu es en quête de bonheur? Nous te proposons des formations interactives et de longue durée, en combinaison avec des journées d'approfondissement et un coaching individuel et nous t'accompagnons sur ton chemin vers la paix intérieure et la joie de vivre intrinsèque.

U wie riicht sech d'Formatioun?

Jiddereen:

  • dee sech méi kloer ausdrécke wëll
  • dee richteg Wierksamkeet erliewe wëll
  • dee Jo zum Liewe soe wëll
  • deen e méi entspaant a befreit Liewe féiere a Verantwortung fir säin eegent Wuelbefannen iwwerhuele wëll

Wéi eng Virkenntnesser muss een hunn?

Gratis telefonesch Consultatioun am Virfeld, vir ze analyséieren, ob d'Method fir d'Froestellung gëeegent ass.

Wéi eng Ziler gi verfollegt bzw. wéi eng Kompetenzen ugestrieft?

  • Ausdrock vun denger Identitéit
  • Bewosst Wuertwiel fir nei neuronale Verknëppungen ze bilden
  • Kontakt mat denger ënnererStëmm
  • Fërderung vun denger authentescher Ausdrocksweis
  • Bewosst Kommunikatioun fir deng Wäertegkeet ze stäerken

Wéi gesäit den Inhalt vun der Formatioun aus?

An dësem Seminaire entwéckels du eng Visioun fir däin zukünftegt Liewensszenario. Dofir bidde mir dir Übungen un, déi dech dobäi ënnerstëtzen, däin eegene Liewensplangze gestalten.

Andeems du deng Selbstbestëmmung liefs, befreis du dech vun all Form vu Friembestëmmung an deng Matmënsche vun alle Scholdzouweisungen. Dës Haltung ënnerstëtzt en zefriddent a befreit soziaalt Zesummeliewen.

Wéi eng Theeme gi behandelt?

Dëse Seminaire kann als Eenzelseminaire gebucht ginn. En ass gläichzäiteg Deel vun enger Seminairerei matt 8 Moduller, an där déi verschidden Etappe vum Liewen ugekuckt ginn.

An dësem spezifesche Seminaire gëtt den Archetyp vum Narren thematiséiert, an et ginn Übunge gemaach, déi dir d’Méiglechkeet ginn, dech méi bewosst a méi kloer auszedrécken. Mir kucken dobäi, wéis du dech mat denger Identitéit an d’Welt abrénge kanns a wéis du e bewosst “Jo” zum Liewe soe kanns.

Weider Informatioune fënns du op eiser Internetsäit: https://schuldundschamlos.com/Angebote/SEMINARE/

Wéi eng pedagogesch Methode gi benotzt?

  • Kierpermeditatiounen
  • Ootmungsübungen
  • Rollespiller
  • Wuertspiller
  • Konstellatiounen
  • Theorie

Wéi gesäit d'Evaluatioun aus?

Wann's du wëlls, kann d'Evaluatioun a Form vun engem Coaching gemaach ginn.

Wat kritt Dir um Enn vun der Formatioun?

Participatiounszertifikat

Wéi eng Supporte ginn zur Verfügung gestallt?

"Ein Kurs in Wundern® " a begleedend Literatur.

Wéini ass déi nächst Sessioun?

Datum
Stad
Sprooch & Präis
23.04.2027

25.04.2027
Hesseln-Leubsdorf
DE 490,00€

Organisatiounsmodus

Erklärungen an detailléiert Informatiounen. De gréissten Deel vum Seminaire ass der Selbsterfahrung, der Meditatioun, den Ootmungsübungen an den Opstellunge gewidmet.

Wéi eng zousätzlech Informatioune si gutt ze wëssen?

De Seminaire fënnt op der Plaz statt, d'Schlofplazen an d'vegetaresch Iesse sinn abegraff.

Vegaant, glutefräit a laktosefräit Iessen ass op Ufro verfügbar.

Dës Formatioune kéinten Iech interesséieren