Luxembourgeois, Culture et Citoyenneté, intensif - A1.1 du CECRL (LA-LB-1439)

E-learning

Wéi en Niveau gëtt mam Ofschloss vun der Formatioun ugestrieft?

CECRL - Niveau A1

Wéi laang dauert d'Formatioun?

 60,00 Stonn(en)

A wéi enger/n Sprooch(en) gëtt d'Formatioun gehalen?

LU

Wéini ass déi nächst Sessioun?

Wien organiséiert dës Formatioun?

Plusieurs structures au sein du MEN permettent aux adultes, à différentes étapes de leur vie, de bénéficier d'une formation pour obtenir un premier diplôme, acquérir ou perfectionner leurs connaissances, changer d'orientation professionnelle, s'adapter aux nouvelles technologies, enrichir leur culture personnelle...

U wie riicht sech d'Formatioun?

Tout adulte souhaitant développer ses compétences

Wéi eng Virkenntnesser muss een hunn?

alphabétisation requise

Wéi eng Ziler gi verfollegt bzw. wéi eng Kompetenzen ugestrieft?

  • Peut comprendre et utiliser des expressions familières et quotidiennes, des énoncés très simples visant à satisfaire des besoins concrets.
  • Peut se présenter ou présenter quelqu'un, poser et répondre à des questions personnelles.
  • Peut communiquer de façon simple (débit lent et clair).

Wéi gesäit den Inhalt vun der Formatioun aus?

  • Héierverstoen
    • verstoe wann ee sech oder aner Leit begréisst oder « Äddi » seet
    • einfach kuerz an elementar Froe verstoen an dorop reagéieren: Wou wunnt Dir/hien ? Wéi ass Är/seng Telefonsnummer ? Wat ass dat ? Wéi vill Auer ass et ? etc.
    • d'Zifferen an d'Zuelen an d'Datumer (Dag a Mount) verstoen
    • d'Faarwen an e puer aner Adjektiver verstoen (grouss-kleng, schéin-ellen, ) : Wéi ass een oder eppes ?
    • d'Auerzäite verstoen (5 Minuttenofstänn)
  • Liesverstoen
    • verstoe wann een eng Begréissung, respektiv eng Formel fir Äddi ze soen, liest
    • ganz einfach Froen zu senger oder enger anerer Persoun verstoen
    • einfach Sätz verstoen, déi Informatiounen aus dem deegleche Liewen enthalen : Zuelen, Auerzäiten, Datumer, Faarwen
  • Mëndlechen Ausdrock
    • « Moien » an « Äddi » soen a froe wéi et engem geet an äntwere wann ee gefrot gett
    • sech oder eng aner Persoun kuerz presentéieren : de Vir- a Familljennumm, den Alter, d'Nationalitéit, d'Sproochen, wou ech/si hierkommen/kënnt, d'Address, de Beruff, d'Familljesituatioun
    • eng aner Persoun no deene Saache froen
    • seng perséinlech Donnéeë ginn an eng aner Persoun dono froen : d'Adress, d'Telefonsnummer, d'Emailaddress, de Gebuertsdatum
    • d'Negatioun benotzen : « net » a « keen / keng »
    • d'Auerzäit an den Datum (Dag a Mount) soe wann ech dono gefrot ginn
    • d'Wochendeeg, d'Méint an d'Joreszäite benennen
    • en Objet oder eng Persoun kuerz beschreiwen
    • e kuerzen Text haart virliesen
  • Schrëftlechen Ausdrock
    • eng kuerz Email / SMS schreiwe fir ze froe wéi et geet
    • einfach Sätz am Present schreiwen
    • een einfache Formulaire ausfëllen

Wat kritt Dir um Enn vun der Formatioun?

Certificat de participation du MENJE (Condition : 70% de taux de participation)

Organisatiounsmodus

Les inscriptions et les demandes d'informations s'effectuent directement auprès de l'organisateur qui délivre la formation.

CECRL - Niveau A1: vu wat schwätze mir?

Jiddereen, deen dëse Niveau erreecht huet:

  1. Ka vertraut, alldeeglech Ausdréck a ganz einfach Aussoen, mat deene konkret Besoine sollen erfëllt ginn, verstoen a benotzen. Ka sech oder anerer virstellen
  2. an anere Leit Froen zu hirer Persoun stellen – zum Beispill wou se wunnen, wéi eng Leit se kennen, wéi eng Saache se hunn asw. – a kann op dës Zort Froen
  3. äntweren. Ka sech op eng einfach Manéier verstännegen, wann de Gespréichspartner lues an däitlech schwätzt a sech kooperativ weist.

Dës Formatioune kéinten Iech interesséieren