Bedéngungen am Zesummenhang mat der Honorabilitéit an de beruffleche Qualifikatiounen

Lescht Aktualiséierung : 11.08.2023

Berufflech Honorabilitéit

Duerch d'Konditioun vun der berufflecher Honorabilitéit solle follgend Punkten ofgeséchert ginn:

  • d’Integritéit vum Beruff an
  • de Schutz vun zukünftege Vertragspartner a Clienten.

D'berufflech Honorabilitéit bezitt sech op den Dirigeant a gëtt opgrond vu senger Virgeschicht a vun allen Elementer aus der administrativer Instruktioun vu Faiten, déi net méi ewéi zéng Joer zeréckleien, bewäert.

Verhalensweisen, déi en Afloss op d'Honorabilitéit vum Dirigeant hunn, sinn:

  • d'Aschalte vun enger Tëschepersoun oder d'Optrieden als Tëschepersoun beim Leede vun engem Betrib,
  • d'Benotzen, am Kader vun der Demande d'autorisation, vun Dokumenter oder Erklärungen, déi net der Wourecht entspriechen oder déi gefälscht sinn,
  • d'widderhuelt Netverëffentleche vun de Publikatiounen, déi vun de gesetzleche Bestëmmungen iwwer den Handels- a Gesellschafteregëster virgeschriwwe sinn, oder d'Netféiere vun enger Comptabilitéit, déi de gesetzlechen Ufuerderungen entsprécht,
  • d'Unheefe vu grousse Scholde bei ëffentleche Creancieren am Kader vun enger gesprachener Faillite oder Liquidation judiciaire,
  • all endgülteg, schwéier oder widderhuelte Veruerteelung am Zesummenhang mat der ausgeüübter Tätegkeet.

Berufflech Qualifikatioun

Bei de Gestionnairë vun engem Weiderbildungsinstitut ergëtt sech hir berufflech Qualifikatioun entweder aus:

  • dem Besëtz vun engem Universitéits- oder Héichschouldiplom oder engem Certificat iwwer den Ofschloss vun Universitéits- oder Héichschoulstudien, dee vun enger staatlech unerkannter Héichschoul ausgestallt ass a bestätegt, datt de Kandidat e kompletten Zyklus vun 3 Studiejoer gepackt huet,
  • der Validatioun vu senger Beruffserfarung, déi dem Kandidat attestéiert, datt hien effektiv an engem EU-Memberstaat d'Aktivitéit vun engem Gestionnaire vun engem beruffleche Weiderbildungsinstitut ausgeüübt huet:
    1. sief et während 3 Joer hannerteneen als Independant oder als Dirigeant vun enger Entreprise,
    2. sief et während 2 Joer hannerteneen als Independant oder als Dirigeant vun enger Entreprise, wann de Kandidat noweise kann, datt hie fir deen entspriechende Beruff am Beräich Gestion d'entreprise eng Formatioun krut, déi mat engem Diplom ofschléisst, dee vum Minister unerkannt ass,
    3. sief et während 2 Joer hannerteneen als Independant oder als Dirigeant vun enger Entreprise, wann de Kandidat noweise kann, datt hien den entspriechende Beruff während op d'mannst 3 Joer an engem Beschäftegungsverhältnis ausgeüübt huet,
    4. sief et während 3 Joer hannerteneen an engem Beschäftegungsverhältnis, wann de Kandidat noweise kann, datt hie fir deen entspriechende Beruff eng Formatioun krut, déi mat engem Diplom ofschléisst, dee vum Minister unerkannt ass.

D'Aktivitéit als Independant oder als Dirigeant vun enger Entreprise däerf den Dag vun der Areechung vun der Demande d'autorisation d'établissement net méi wéi 5 Joer zeréckleien.

Als Ausübe vun einer Aktivitéit als Dirigeant d'entreprise gëllt d'Ausüben an engem Formatiounsinstitut vun:

  • entweeder der Funktioun vum Chef d'entreprise oder vum Chef de succursale,
  • oder der Funktioun vum Adjoint vum Entrepreneur oder vum Chef d'entreprise, wann dës Funktioun déi selwecht Verantwortlechkeet wéi déi vum Entrepreneur oder vum Chef d'entreprise ëmfaasst,
  • oder enger leedender Funktioun am Gestiounsberäich, mat deene fir de Beruff charakteristeschen Aufgaben an un der Spëtzt vun op d'mannst engem Secteur vum Betrib.

De Beweis, datt d'Bedéngung vun der Beruffserfarung erfëllt ass, kann erbruecht ginn:

  • entweeder duerch eng Attestatioun, déi vun der zoustänneger Autoritéit oder dem zoustännegen Institut aus dem Hierkonftsland ausgestallt gëtt,
  • oder duerch d'Affiliatioun bei der Caisse nationale d'assurance pension (CNAP) wärend op d'mannst 3 Joer hannerteneen,
  • oder duerch eng Autorisation d'établissement an engem Haaptberuff, deen effektiv wärend op d'mannst 3 Joer hannerteneen ausgeüübt gouf,
  • oder duerch e Certificat vum Patron, wéi vum Centre Commun de la Sécurité Sociale beschriwwen.

Méi Informatiounen op guichet.lu

Kontakt

INFPC

Anne Oswald
Responsable lifelong-learning.lu