Agrement

94402

Typpe vun ofgehalene Formatiounen

Katalogsformatioun a Formatioun op d'Mooss

Aner Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Formatioun

Begleedung - Coaching, Berodung a Servicer am Formatiounsberäich, Formatiounsingenierie, Gestioun Formatiounsparcours, Kompetenzebilan, Management- an Organisatiounsberodung

Interventiounsberäicher

Lëtzebuerg (All Regiounen)

Sprooch(e) vun der Déngschtleeschtung

DE EN FR LU

Zuel vu verëffentlechte Formatiounen

44

Méi iwwer eis

HR Services, gegrënnt am Joer 2000 vum Diane Ries, ass eng Berodungs- a Formatiounsfirma, déi am Beräich Human Resources spezialiséiert ass.

Eis multikulturellt Team bitt eng breet Palette vu Servicer un, dovun er anerem: Human Resources Consulting, Personalentwécklung, Formatioun, Coaching an Outplacement, HR Interim Management, an Assessment Centres.

Als aktiv Intervenanten a verschiddenen HR Beräicher bei lokalen Organisatiounen aus verschiddenen Domainen, deelen d' Formateuren vun HR Services gären hir Expertise an hir Erfahrung mat de Participanten vun de verschiddene Séminairen. Mir ginn HR Coursen vun HR Experten fir HR Profien.

Eis Methodologie fir Inter-Company Formatiounen ass spezifesch: kompakt a gläichzäiteg ganz individualiséiert Formatiounen, kleng Gruppen (maximal 6 Participanten), eng interaktiv Approche mat ville konkrete Beispiller aus der Beruffserfahrung vun eise Formateuren.
All eis Formatioune kënne och als Intra-Company Formatioun adaptéiert ginn, an doduerch d'Wäerter vum Client reflektéieren. Mir kreéieren och Formatiounen op Mooss, déi de spezifeschen Ufuerderungen vum Client entspriechen.

All Formatioun kann op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch oder enger Kombinatioun vun dëse véier Sprooche geliwwert ginn wann der multikultureller Situatioun vun eise Clienten zegutt kënnt. All Mataarbechter kann déi selwecht Formatioun kréien, onofhängeg vu senger Mammesprooch.

Während der Coronavirus Krisis fannen eis Coursen weider statt, ënnert der Form vun engem interaktiven Webinar. Fir weider Froen stinn mir gären ënner info@hrservices.lu zur Verfügung.

Pedagogesch Methoden

  • Kompakt and individualiséiert Formatiounen
  • Ganz kleng Gruppen (maximal 6 Participanten)
  • Interaktiv Approche
  • Vill konkret Beispiller aus der Praxis
  • Méiglechkeet d'Formatiounen och online als interaktive Webinar ze besiichen

Formatiounsdomainer

Gestioun Entreprise, Ressources humaines
Direktioun vun Entreprisen
Opsiicht, Gestioun
Perséinlech a berufflech Entwécklung
Perséinlech a berufflech Entwécklung

E puer Zuelen

2000
Ufank vun der Formatiounsaktivitéit
4
Permanent Formateuren