Liewenslaang Orientatioun
Jidderee muss am Laf vu sengem Liewen Zäite bewältegen, an deene villes sech ännert, onofhängeg dovun, ob dës Changementer fräiwëlleg oder forcéiert sinn. Dat betrëfft z. B. konkret den Iwwergang vu Schoul zu Schoul, vun der Schoul an de Chômage, vun der Schoul an d'Beruffsliewen, vum Beruffsliewen an de Chômage, vum Chômage zeréck an d'Beruffsliewen oder och nach vun enger Aarbechtsplaz op eng aner.
Bei all Transitioun stellt sech déi méi oder manner einfach Fro no der Orientatioun, déi ee senger Carrière wëllt ginn. Bei der Gestaltung vu sengem beruffleche Parcours ass d'Orientatioun en Instrument, fir säi Formatiounsparcours ze optiméieren, den Zougang vun de Jugendlechen zum Beruffsliewen ze verbesseren oder d'berufflech Mobilitéit an d'Ëmschoulung vun den Erwuessenen am Laf vum Beruffsliewen ze erliichteren.
Et geet drëm, deem Eenzelen derbäi ze hëllefen, eegeverantwortlech Decisiounen ze treffen, an hien an Zäite vum Wiessel ze begleeden. Fir hien optimal virzebereeden, musse fir d'éischt emol d'Kompetenzen definéiert ginn, déi hien an all Liewensabschnitt, vun der Jugend bis zum Rentenalter, brauch oder sech uneegne muss.
D'Maison de l'orientation
D'Servicer vun der schoulescher an der berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach
Zu Lëtzebuerg behält de FORUM Orientation, dee sech aus de betraffenen Acteuren an deem Beräich, d. h. Ministèren, Sozialpartner, Acteure vum Terrain an aus der Welt vun der Educatioun an der Formatioun, zesummesetzt, déi folgend Definitioun vun der Orientatioun zeréck:
"D'Orientatioun bezitt sech op eng Rei Aktivitéiten, déi et dem Bierger zu all Moment vu sengem Liewen erlaben,
- seng Fäegkeeten, Kompetenzen an Interêten ze definéieren,
- fondéiert Decisioune beim Choix vu senge Studien a Formatiounen a senge berufflechen Aktivitéiten ze treffen,
an dat mam duebelen Zil vun der perséinlecher Entfaltung an der Entwécklung vun der Gesellschaft".
Mat dësem Zil virun Ae gouf 2012 d'Maison de l’orientation gegrënnt, déi d'Servicer vun der schoulescher an der berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach regruppéiert. Dat si virun allem:
- CePAS - Zentrum fir psychosozial a schoulesch Begleedung
- ALJ - Lokalaktioun fir d'Jugend
- SNJ - Nationale Jugendservice
- SECAM - Service fir d'schoulesch Ausbildung vun auslännesche Kanner
- ADEM-OP - Beruffsberodungsservice vun der ADEM
|
Aner Partner, wéi beispillsweis den Informatiounszentrum fir Héichschoulstudien vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung an de SEVE (Service fir d'Studenten an d'Studenteliewen) schaffen enk mat deene verschiddene Servicer vun der Maison de l’orientation zesummen.
D'lafend Gestioun an d'Koordinatioun vun der Maison de l'orientation falen an de Ressort vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a goufen engem Koordinatiounsservice uvertraut.
Schoulesch Orientatioun
Psychosozial an educativ BegleedungDen Zentrum fir psychosozial a schoulesch Begleedung (CePAS) soll de Jugendleche Methoden a Kenntnesser vermëttelen, mat deene si hir Fäegkeet fir e selbststännegt a veranwortungsbewosst Handelen entwéckele kënnen a léieren, sech ze orientéieren, fir hir perséinlech a berufflech Projete selwer an d'Hand ze huelen. No enger strukturéierter Analys proposéiert de CePAS psychologesch, sozial an/oder edukativ Berodungen. Wichteg bei dëser Aarbecht ass besonnesch d'Ermëttlung vun de Ressourcen an de Besoine vun deene jonke Leit.
De CePAS begleet si am Kader vun enger aktiver Reflexioun iwwer hir Kompetenzen, Virléiften an Erwaardungen:
- e puer Seancë mat Gespréicher an Tester
- Ausschaffe vun engem perséinlechen a beruffleche Projet
- Bedeelegung um fondéierte Choix vun de Mesuren a Programmer, déi zum jeeweilege Moment an en fonction vun de festgeluechten Ziler ëmzesetze sinn
Wéini sollt ee kommen? Wann ee sech wëll d'Moyene ginn, fir esou gutt ewéi méiglech mat enger Transitioun ëmzegoen, Vertrauen a seng Orientatiounsdecisioun ze kréien, sech ëmzeorientéieren, sech besser kennen an aschätzen ze léieren, sech iwwer d'Formatiounen ze informéieren ... Fir wien?
- Jugendlecher
- Jonk Erwuessener
- Elteren/Tuteuren
Doriwwer eraus ass de CePAS och den Zentrum fir psychosozial Ressourcë fir d'Lycéeën an adresséiert sech un d'Membere vun der Schoulgemeinschaft fir: - de Spektrum vun hire Methoden an Instrumenter ze erweideren
- hinnen d'Moyenen ze ginn, d'Wierkung vun hiren Aktiounen ze verstäerken
- hinnen ze erlaben, sech intellektuell an emotional ze ressourcéieren
- efficace a gutt berufflech Relatiounen ze schafen an ze ënnerhalen
De CePAS koordinéiert d'Aktivitéite vun de Servicer fir d'psychosozial an d'schoulesch Begleedung an de Lycéeën a schafft aktiv mat de Servicer vun der Maison de l’orientation zesummen. De CePAS ënnersteet dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.
Temoignage "Mir spillen eng wierklech Roll bei der Begleedung, der Ënnerstëtzung an dem Encouragement." Mme Valérie Lecoq-Thieltgen | CePAS - Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires29, rue Aldringen L-1118 Luxembourg
+352 247 75910 info@cpas.public.lu www.cpas.lu
|
Individuell Begleedung
Der Lokalaktion fir d'Jugend (ALJ) hiert Zil besteet doran, jonken Erwuessenen duerch hiren Encadrement d'Bedéngungen ze schafen, déi hinnen en erfollegräichen Iwwergang vun der Schoul an d'Beruffsliewen an eng stabill schoulesch a berufflech Insertioun erméiglechen. D'ALJ bitt eng individuell Begleedung bei der Ëmsetzung vun hirem beruffleche/schoulesche Projet.
Fir esou no wéi méiglech bei de Jugendlechen ze sinn an hinnen den Zougang zu deene villfältege Servicer, déi ugebuede ginn, ze erliichteren, bitt d'ALJ Informatiounsbüroen no bei den technesche Lycéeë vu Woltz, Ettelbréck, Miersch, Réiden/Atert, Jonglënster, Gréiwemaacher, Lëtzebuerg, Déifferdeng, Diddeleng an Esch/Uelzecht un. Op der Basis vun engem Gesetzesprojet gouf d'ALJ an den Nationale Jugendservice (SNJ) integréiert. | Action locale pour jeunes29, rue Aldringen L-1118 Luxembourg
+352 247 75942/ -75943/ -75944 alj-lux@education.lu www.alj.lu |
Fräiwëllegendéngscht fir Jugendlecher
Den Nationale Jugendservice (SNJ) gouf gegrënnt mam Zil, d'Jugendaarbecht zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen an ze fërderen. De Service besteet aus 6 Unitéiten, dorënner d'Unitéit "Transitioun", déi sech mat alle Projete fir Jugendlecher befaasst, déi an der Iwwergangsphas tëschent der Schoul an dem Beruffsliewe stinn.
D'Unitéit ass a folgende Beräicher aktiv:
- Encadrement vu Jugendlechen déi bei engem Projet vum fräiwëllegen Orientatiounsdéngscht (Service volontaire d’orientation - SVO) matmaachen, en Déngscht, deen et de Jugendlechen erlaabt, praktesch Léiererfarungen ze sammelen,
- Encadrement vu Jugendlechen, déi de Schoulsystem ouni Qualifikatioun verlooss hunn, mam Zil, si bei hirer berufflecher Insertioun ze ënnerstëtzen,
- den Iwwergang vun de Jugendlechen an d'aktiivt Liewen ze vereinfachen, andeem si an hirer Entwécklung zur Selbststännegkeet ënnerstëtzt ginn.
Den SNJ ass eng staatlech Administratioun ënnert der Autoritéit vum Minister, dee fir d'Jugend zoustänneg ass. E verfüügt iwwer 7 regional Büroen, an deenen d'Aktiounen ëmgesat ginn, zu Lëtzebuerg, Gréiwemaacher, Dikrech, Rëmeleng a Péiteng. | SNJ - Service National de la Jeunesse29, rue Aldringen L-1118 Luxembourg
+352 247 86481/ -86480 secretariat.transitions @snj.etat.lu www.snj.public.lu
|
Schüler, déi nei an d'Land koumenDe Service fir d'schoulesch Ausbildung vun auslännesche Kanner (SECAM) adresséiert sech u Jonker vun 12 bis 24 Joer inklusiv, déi grad op Lëtzebuerg immigréiert sinn a sech am Schoulsystem integréieren an hir Studien do fortsetze wëllen.
Aner Aktivitéite vum SECAM sinn d'Hëllef fir Enseignanten an interkulturell Mediatioun.
| SECAM - Service de scolarité des enfants étrangers29, rue Aldringen L-1118 Luxembourg
+352 247 85207/ -85277 eliane.kettels@men.lu |
HéichschoulDen Informatiounszentrum fir Héichschoulstudien vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung ass e Service fir Schüler, Studenten an all Persounen, déi Informatiounen a Berodung iwwer den Enseignement supérieur zu Lëtzebuerg an am Ausland an iwwer d'Beruffer, zu deenen dës Studie féieren, iwwer d'Studenteliewen an de Fernunterrecht oder den Deelzäitstudium brauchen. En huet och d'Missioun, d'finanziell Bäihëllefe vum Staat ze geréieren. | MESR – Informatiounszentrum fir Héichschoulstudien+352 247 88650 etudes@mesr.etat.lu www.mengstudien.lu |
UniversitéitDe Service fir d'Studenten an d'Studenteliewen (SEVE) informéiert d'Studenten iwwer déi verschidde Studiegäng a Programmer, déi vun der Universitéit Lëtzebuerg ugebuede ginn, a beréit si bei der berufflecher Orientatioun.
| Universitéit Lëtzebuerg
SEVE - Service des Etudes et de la Vie EtudianteCampus Belval Maison du Savoir - 5. Stack 2, avenue de l’Université L-4365 Esch-sur-Alzette
Fir d'Bachelor- a Master-Programmer: +352 46 66 44 6610 Doktorater: +352 46 66 44 6312 Fir d'Beruffsberodung +352 46 66 44 6686 seve.infos@uni.lu wwwfr.uni.lu/etudiants/bureau_d_accueil |
Projet "anelo.lu"De Koordinatiounsservice vun der Maison de l'orientation schafft mam SNJ, dem CePAS, dem Informatiounszentrum fir Héichschoulstudien, dem Service fir berufflech Orientatioun vun der ADEM (ADEM-OP), de Beruffschamberen a spezialiséierten Associatiounen am Kader vum Projet anelo.lu zesummen. Dëse Projet ëmfaasst folgend Internetsitten an Aktiounen um Terrain:
- Internetsite anelo.lu,
- Internetsite beruffer.anelo.lu,
- Internetsite entretien.anelo.lu
- Internetsite jobcity.anelo.lu
| Internetsite fir d'Informatioun vu Jugendlechen
www.anelo.lu
Internetsite fir d'berufflech Orientatioun mat Informatiounen iwwer Beruffer a Formatiounen beruffer.anelo.lu
Internetsite fir d'Virbereedung op en Astellungsgespréich entretien.anelo.lu
Internetsite fir d'spillerescht Entdecke vu Beruffer jobcity.anelo.lu
|
Beruffsberodung
D'Beruffsberodung adresséiert sech un:
- Jugendlecher, déi eng Decisioun am berufflechen oder schoulesche Beräich huele mussen,
- Erwuessener, déi sech fir eng Éischtausbildung oder eng Weiderbildung entscheet hunn, oder déi sech ëmorientéiere wëllen.
OrientatiounDe Service fir d'Beruffsberodung vun der ADEM huet als Aufgab, de Jugendlechen an Erwuessene beim Choix vun engem Beruff ze hëllefen, fir datt si e valabel ausübe kënnen an zefridden domat sinn. Dëse Choix soll souwuel hir perséinlech Entwécklung fërdere wéi och de professionelle Besoine vun der Kollektivitéit gerecht ginn.
De Jugendlechen an Erwuessene ginn Orientatiounsgespréicher ugebueden, fir si iwwer d'Handwierker/Beruffer oder iwwer d'Vermëttlung vun enger Éischtausbildung oder enger Léier fir Erwuessener ze informéieren.
Jugendlecher aus allen Enseignementsbranchen an Erwuessener, déi am Beruffsliewe stinn, kënnen op den Avis vum Orientatiounsberoder am Beruffsberodungsservice zeréckgräifen, dee virun allem d'Interêten, d'Eegnungen an d'Fäegkeete vun de Kandidate mat abezitt. | ADEM - Agence pour le développement de l'emploiBeruffsberodungsservicer (ADEM-OP)
29, rue Aldringen L-1118 Luxembourg
Tel. +352 247 85480 +352 247 85387 Info.op@Adem.public.lu www.Adem.public.lu
Maison de l'orientation "Beim Park" 7, avenue de la Gare L-9233 Diekirch Tel. +352 247 65430
Agence Belval 1, blvd. Porte de France L-4360 Esch-sur-Alzette Tel. +352 247 75411
|
InformatiounDe Beruffsinformatiouns-Zentrum oder Centre d'information professionnelle ass een Deel vum Beruffsberodungsservice vun der ADEM, der Aarbechtsagence.
Schüler aus allen Enseignementsbranchen an Erwuessener, déi sech fir eng Éischtausbildung oder eng Weiderbildung entscheet hunn, oder déi sech berufflech ëmorientéieren oder de Beruff wiessele wëllen, fannen um BIZ eng breet Offer u Medien, déi si selwer gratis an esou oft wéi si wëllen, consultéiere kënnen.
Fir Schoulklasse ginn och Beruffsberodungs-Seancen organiséiert.
| BIZ - Beruffsinformatiouns-ZentrumBeruffsberodungsservice vun der ADEM (ADEM-OP)
29, rue Aldringen L-1118 Luxembourg
Tel. +352 247 85480 +352 247 85387 Info.op@Adem.public.lu www.Adem.public.lu
Maison de l'orientation "Beim Park" 7, avenue de la Gare L-9233 Diekirch Tel. +352 247 65430
Agence Belval 1, blvd. Porte de France L-4360 Esch-sur-Alzette Tel. +352 247 75411 |