L4S - Learn for Success
D'personaliséiert Léier-Workshoppen L4S - Learn for Success riichte sech un all Erwuessenen, deen eng individualiséiert Ënnerstëtzung an de Sproochen (Franséisch, Englesch) oder an der Mathematik sicht, sief et am Kader vu senger Aarbecht, bei der Sich no enger Aarbechtsplaz oder am Zesummenhang mat sengem Rekonversiounsplang.
Offer
L4S erméiglecht et, seier op professionell oder perséinlech Erausfuerderungen ze reagéieren, an zwar duerch
- Sprooche-Workshoppen (Franséisch an Englesch) a Mathematik-Workshoppen
- en Aféierungsgespréich, an deem d'Besoinen ermëttelt ginn,
- eng personaliséiert Formatioun a Begleedung,
- Stonnepläng, déi wärend der ganzer Dauer vum Formatiounsparcours flexibel sinn,
- d'Méiglechkeet, direkt unzefänken.
Organisatioun
D'Aschreiwung ass d'ganzt Joer iwwer méiglech, op Rendez-vous (
L4S@men.lu).
D'Aschreiwungskäschte leie bei 3 Euro pro Cours. Kandidaten, déi iwwer en L4S-Bong verfügen, profitéiere vun engem reduzéierten Tarif vun 10 Euro fir hire kompletten L4S-Parcours.
D'Workshoppe gi vu méindes bis freides um Site Aldringen ugebueden.