CAE - Vertrag fir d'Ënnerstëtzung vun der Beschäftegung

Lescht Aktualiséierung : 12.02.2024

Allgemenges

De Vertrag fir d'Ënnerstëtzung vun der Beschäftegung (contrat d’appui-emploi - CAE) erméiglecht et dem jonken Demandeur d'emploi ënner 30 Joer mat oder ouni Ofschloss, deen zanter mindestens 3 Méint bei der Aarbechtsagence (ADEM) ageschriwwen ass, eng theoreetesch a praktesch Ausbildung ze kréien. Duerch de CAE solle seng Kompetenze verbessert a seng Integratioun op den Aarbechtsmaart bzw. seng Reintegratioun op den Aarbechtsmaart vereinfacht ginn.

De CAE ass Ariichtungen (Promoteuren) virbehalen, déi net d'Form vun enger kommerzieller Gesellschaft hunn: Staat, Gemengen, gemengnëtzeg Etablissementer, Institutiounen, Associatiounen oder Gruppementer vu Persounen ouni gewënnorientéierten Zweck.

Dauer a praktesch Modalitéiten

De CAE gëtt fir eng Dauer vun 12 Méint (Verlängerung vu maximal 6 Méint op Avis vun der ADEM) tëschent dem Jugendlechen an der ADEM ofgeschloss. D'Aarbechtszäit läit bei 40 Stonnen d'Woch.

De Promoteur ernennt en Tuteur, fir de jonken Demandeur d’emploi wärend der Dauer vum Vertrag ze ënnerstëtzen an ze encadréieren. Bannent engem Mount schaffen de Promoteur an den Tuteur zesumme mam Jugendlechen e Formatiounsplang aus.

D'ADEM an de Promoteur evaluéieren de Beneficiaire vum CAE wärend der Dauer vum Engagement.

Um Enn vum Vertrag stellt de Promoteur e Certificat iwwer den Ofschloss vun der Mesure aus, deem säin Inhalt vun der ADEM definéiert gëtt.

Indemnisatioun vum Jugendlechen

D'Indemnitéit gëtt op der Basis vum soziale Mindestloun fir net qualifizéiert Aarbechter gerechent, an et mussen déi fir Salairen üblech Sozialversécherungsbeiträg a Steieren ofgehale ginn.

  • 80% vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter fir Jugendlecher ënner 18 Joer,
  • 100% vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter fir Jugendlecher ouni Ofschloss a Jugendlecher mat engem Certificat d’aptitude technique et professionnelle (CATP) oder engem Diplôme de fin d’études de technicien (DT), secondaires générales oder secondaires classiques,
  • 130% vum soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter fir Jugendlecher mat engem Brevet de technicien supérieur (BTS), engem Bachelor oder engem Master.

Wann de volle Chômage, deen de Jugendleche kritt, méi héich ewéi d'Remuneratioun ass, déi fir de CAE festgeluecht gouf, kritt de Jugendlechen esoulaang, ewéi hien Urecht op Chômage huet, en Ergänzungsbäitrag an Héicht vun der Differenz.

Héicht an Dauer vun de Subventiounen

De Beschäftegungsfong (Fonds pour l'emploi) rembourséiert all anerem Promoteur wéi dem Staat all Mount wärend deenen éischten 12 Méint:

  • 75% vun der Indemnitéit, déi de jonken Demandeur d'emploi kritt,
  • 100% vum Patron senge Chargen.

Bei enger Verlängerung rembourséiert de Beschäftegungsfong fir d'Dauer vun der Verlängerung all Mount 50% vun der Indemnitéit, déi de jonken Demandeur d'emploi kritt.

Op Ufro vum Promoteur, deen de Jonken agestallt huet (CDI ouni Proufzäit), rembourséiert de Beschäftegungsfong him d'Chargë vum Patron während 12 Méint nom Astellungsdatum.

Méi Informatiounen iwwer de CAE

Kontakt

ADEM - Agence pour le développement de l'emploi

Service demandeurs d’emploi
10, rue Bender
L-1229 Luxembourg

www.Adem.public.lu