"Biergerpakt" – Fir d'interculturellt Zesummeliewen

Lescht Aktualiséierung : 14.03.2024

Allgemenges

De Biergerpakt (Pacte citoyen) riicht sech un all Persoun iwwer 18 Joer, déi zu Lëtzebuerg lieft oder schafft. E vermëttelt Zougang zum Programm fir interkulturellt Zesummeliewen.

Interkulturellt Zesummeliewen ass e partizipativen, dynameschen a kontinuéierleche Prozess, deen et erlaabt, zesummen ze liewen, ze schaffen an Entscheedungen ze treffen. E baséiert op géigesäitegem Respekt, Toleranz, Solidaritéit, sozialem Zesummenhalt an dem Kampf géint Rassismus an all Form vun Diskriminéierung. En etabléiert d'Diversitéit als Beräicherung a stellt fir d'Entwécklung vun enger interkultureller Gesellschaft en Atout duer.

De Biergerpakt ass en Instrument, dat duerch d'Gesetz vum 23. August 2023 iwwer d'interkulturellt Zesummeliewen agefouert gouf. En ersetzt zënter dem 1. Januar 2024 den CAI (Contrat d'accueil et d’intégration).

Organisatioun

De Bäitrëtt zum Biergerpakt erfollegt online iwwer MyGuichet.lu (mat Authentifikatioun). Grenzgänger brauchen e Certificat, datt si zënter mindestens 3 Méint beim Centre commun de la sécurité sociale ageschriwwe sinn, fir hir Demande ze finaliséieren.

De fräiwëllege Bäitrëtt vermëttelt Zougang zum Programm fir interkulturellt Zesummeliewen. Et ass weeder eng Dauer nach en Delai virgesinn, fir bei deene verschiddene Modülle matzemaachen. Wann déi betraffe Persoun awer bannent engem Zäitraum vun 2 Joer bei kengem Modüll vum Programm matgemaach huet, leeft de Pakt aus.

Programm fir d'interkulturellt Zesummeliewen

De gratis Programm besteet aus 3 Aféierungsmodüllen iwwer d'Liewen zu Lëtzebuerg an engem grousse Katalog vun Eenzelmodüllen aus wichtegen Theemeberäicher vum Zesummeliewen zu Lëtzebuerg.

Aféierungsmodüllen

  • Orientatiounsdag, e Modüll fir sech besser am dagdeegleche Liewen orientéieren ze kënnen.
  • D'Groussherzogtum Lëtzebuerg entdecken, e Modüll, dat en éischten Iwwerbléck iwwer d'Land, seng Geschicht a seng Gebräicher vermëttelt.
    D'Formatioune fir d'Entdecke vum Groussherzogtum Lëtzebuerg uweisen
  • Matenee schwätzen, een oder e puer Modüllen, fir en éischte Kontakt mat de Sprooche vum Land hierzestellen an op d'mannst den Ufängerniveau A.1.1 vum Gemeinsamen europäesche Referenzkader fir Sproochen a wéinstens enger vun den 3 administrative Sprooche vu Lëtzebuerg (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) ze erreechen.
    D'Formatioune fir déi administrativ Sprooche vum Niveau A1 uweisen

D'Absolvéiere vun den Aféierungsmodüllen iwwer d'Liewen zu Lëtzebuerg gëtt am Kader vun der Demande, fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun ze kréien, berücksichtegt.

Eenzelmodüllen

E Katalog vun Eenzelmodüllen erlaabt et, Modüllen auszewielen, déi op déi perséinlech Situatioun, Interêten a Besoinen ofgestëmmt sinn.

Dëse Katalog bitt eng breet Pallett vun Aktivitéiten un, dorënner:

  • Sprooche léieren a praktizéieren
  • Engagement an aktiv Bedeelegung vun de Bierger
  • Verstoe vun den administrativen Demarchen
  • Bekämpfung vu Rassismus a vun all Form vun Diskriminéierung
  • Entdecke vun de Wäerter vu Lëtzebuerg a vun der Offer un Aktivitéiten am sozialen, wirtschaftlechen, politeschen oder kulturelle Beräich
  • Verdéiwe vun de Kenntnisser iwwer d'Liewen zu Lëtzebuerg, d'Geschicht vum Land, säi kulturelle Patrimoine asw.

D'Offer gëtt lafend ausgebaut an de Katalog gëtt permanent un d'Besoinen, déi bei de Participantë festgestallt ginn, ugepasst.

Kontakt

Ministre de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil
Division du vivre-ensemble interculturel

13 C, rue de Bitbourg
L-1273 Luxembourg-Hamm

www.biergerpakt.zesummeliewen.lu
www.infolux.public.lu
www.zesummeliewen.public.lu
www.gemengen.zesummeliewen.lu