D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Titelregëster an Homologatioun

Héichschouldiplomer, déi Kandidaten am Ausland kruten, kënne formell unerkannt ginn:

  1. sief et duerch d'Androen an den Titelregëster, Sektioun vum Enseignement supérieur
    • woubäi et sech hei em déi normal Prozedur fir d'akademesch an/oder berufflech Unerkennung vun auslänneschen Héichschouldiplomer handelt, ouni datt automatesch d'Recht op d'Ausübe vun engem Beruff erdeelt gëtt,
    • wat néideg ass, fir ëffentlech en Titel vum Enseignement supérieur (vum Niveau Bac+3 un) ze droen
    • wat néideg ass, fir Zougang zu bestëmmte Beruffer ze hunn (Expert-Comptabel, Wirtschaftsberoder, Architekt, Ingénieur-conseil, Enseignant an der Grondschoul, Enseignant-Fonctionnaire, Chargé d'enseignement asw.).
  2. oder duerch Homologatioun
    • déi gefuerdert gëtt fir den Zougang zum reglementéierte Beruff vum Affekot a fir zu de CCDL (Komplementar Coursen am Lëtzebuerger Droit - Cours complémentaires en droit luxembourgeois) zougelooss ze ginn.

Fir d'Unerkennung vun den Universitéits- oder Héichschouldiplomer ass de Ministère fir Héichschoul a Fuerschung (Ministère de l'Enseignement supérieur et de la Recherche) zoustänneg.

Androen an den Titelregëster

En Héichschouldiplom gëtt an d'Sektioun Enseignement supérieur vum Titelrëgester agedroen:

  • wann et sech ëm en Ofschlossdiplom vum Enseignement supérieur handelt,
  • wann et sech ëm en Diplom handelt, mat deem e komplette Studienzyklus ofgeschloss gouf,
  • wann en de Gesetzer a Reglementer, déi an deem Land, an deem den Titel vergi gouf, fir den Enseignement supérieur gëllen, no ausgestallt gouf.

Duerch d'Androe vun engem Héichschouldiplom an de Regëster vun de Formatiounstitele gëtt den Diplom mat engem Niveau vum Lëtzebuergesche Qualifikatiounskader alignéiert.

Diplomer aus dem nationalen Enseignement supérieur ginn automatesch an de Regëster vun de Formatiounstitelen agedroen, ouni datt zousätzlech Demarchen néideg sinn.

Duerch d'Akraafttriede vum Gesetz vum 28. Oktober 2016 iwwer d'Unerkennung vu beruffleche Qualifikatioune ginn och Diplomer aus Länner, mat deenen de Grand-Duché en Ofkommes huet, automatesch agedroen.

Esou ginn:

  • associate degrees (brevet d'enseignement supérieur, diploma van gegradueerde, graad van gegradueerde, getuigschrift associate degree);
  • Bachelor-Diplomer;
  • Master-Diplomer an
  • Doktorats-Diplomer, no der Soutenance vun enger Thees;
déi vun unerkannten Héichschoulinstituter an der Belsch oder an Holland ausgestallt ginn an den Ofschloss vun unerkannten Héichschoulstudien an der Belsch oder an Holland certifiéieren, automatesch an de Regëster vun de Formatiounstitelen agedroen, ouni datt zousätzlech Demarchen néideg sinn.

Net an den Titelregëster agedroe gi kënnen:
  • Tëschendiplomer (Zwischenprüfung, Vordiplom, 1re an 2e candidature, DEUG, DUT, DEUST asw.),
  • Diplomer, déi am Land, wou d'Institut, dat den Diplom ausstellt, säi Sëtz huet, net vun de Regierungsautoritéiten unerkannt ginn (besonnesch Diplomer vu Privatinstituter).
D'Demande fir an den Titelregëster agedroen ze ginn, muss beim Ministère fir Héichschoul a Fuerschung agereecht ginn.

D'Homologatioun

Säit dem Akraafttriede vum Gesetz vum 28. Oktober 2016 iwwer d'Unerkennung vu beruffleche Qualifikatioune si folgend Titelen a Grade vun der Homologatiounsprozedur fir den Zougang zum reglementéierte Beruff vum Professer a Sproochen oder Wëssenschafte vum Enseignement postprimaire entbonnen: auslännesch Titelen a Graden an de Beräicher Medezin, Zännmedezin, Veterinärmedezin a Pharmacie, auslännesch Titelen a Graden an de Beräicher Philosophie a Sproochen a Literatur, Humanwëssenschaften, Physik a Mathematik an Naturwëssenschaften.

D'Homologatioun bleift weiderhin néideg fir den Zougang zum reglementéierte Beruff vum Affekot a fir zu de CCDL (Komplementar Coursen am Lëtzebuerger Droit - Cours complémentaires en droit luxembourgeois) zougelooss ze ginn.

Homologatiounsdemande

D'Demande fir eng Homologatioun am Beräich Droit muss beim Ministère fir Héichschoul a Fuerschung agereecht ginn.

Wann Dir d'Recht hutt, den Affekoteberuff an engem anere Memberstaat vun der Europäescher Unioun auszeüben, kënnt Dir Iech direkt un de Justizministère adresséieren an eng Autorisatioun, fir de Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben, ufroen.

D'Dokumenter mussen an enger vun den 3 offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg (Franséisch, Lëtzebuergesch oder Däitsch) oder op Englesch verfaasst sinn oder vun engem assermentéierten Iwwersetzer an eng vun dëse Sproochen iwwersat ginn.

Méi Informatiounen iwwer d'Prozedur.

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer