D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Unerkennung vun Diplomer

Persounen, déi op Lëtzebuerg kommen an do studéieren oder weiderstudéieren, schaffen oder Zougang zu engem bestëmmte Beruff kréie wëllen, kënnen, jee no hirem konkrete Besoin, Follgendes ufroen:

  • eng Unerkennung vum Bildungsstand (ouni den Ofschlossdiplom),
  • eng Unerkennung vun der Equivalenz vu engem Diplom (Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire),
  • eng Unerkennung vum Bildungsstand, vun der Equivalenz vun engem Diplom oder der Equivalenz vu beruffleche Qualifikatiounen.

Fir d'Unerkennung vun Diplomer/Certificaten/Schoulzensure vu Studien am Enseignement secondaire classique, général a professionnel ass de Service fir d'Unerkennung vun Diplomer vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) zoustänneg. Fir e Studienzyklus, deen net ofgeschloss gouf, kann eng Attestatioun iwwer de Bildungsstand ausgestallt ginn.

Fir eng Equivalenz-Demande areechen ze kënnen, muss de Kandidat fir d'éischt eng Tax fir d'Bedeelegung un de Beaarbechtungskäschte bezuelen. De Beleg dovunner muss obligatoresch un d'Demande gehaange ginn (Erklärungen).

Unerkennung vum Bildungsstand (Grondschoul a Lycée), ouni en Ofschlossdiplom erreecht ze hunn

Diplomer, Breveten, Schoulzensuren a Certificate vum Enseignement secondaire général a professionnel aus dem Ausland kënnen, ënner bestëmmte Bedéngungen, fir eng Equivalenz-Unerkennung a Betruecht gezu ginn.

Vun der Unerkennung vum Bildungsstand betraff sinn:

  • schoulflichteg Kanner, déi op Lëtzebuerg kommen, ouni an hirem Heemechtsland e vollstännegen Zyklus mat engem Diplom ofgeschloss ze hunn, an déi an de lëtzebuergesche Schoulsystem wëllen integréiert ginn;
  • Kanner an Erwuessener, déi op Lëtzebuerg kommen, ouni an hirem Heemechtsland e vollstännegen Zyklus mat engem Diplom ofgeschloss ze hunn, an déi dësen Zyklus fortsetzen oder ofschléisse wëllen;
  • Erwuessener, déi hire Bildungsstand zu Lëtzebuerg wëlle gewuer ginn, déi schaffe goen oder sech weiderbilden an/oder un enger Moossnam vun der Erwuessenebildung deelhuele wëllen.

Méi Informatiounen

Unerkennung vun der Equivalenz vun Diplomer
(Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire)

Certificaten/Diplomer vum Enseignement secondaire classique, général a professionnel aus dem Ausland kënnen, ënner bestëmmte Bedéngungen, fir eng Equivalenz-Unerkennung a Betruecht gezu ginn.

Vun der (sougenannter akademescher) Unerkennung vum Diplom betraff sinn:

  • d'Titulairë vun engem Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire, déi en Héichschoul- oder Universitéitsstudium zu Lëtzebuerg maache wëllen;
  • d'Titulairë vun engem Ofschlossdiplom vum Enseignement secondaire, déi op den Aarbechtsmaart wëllen;
  • d'Titulairë vun aneren Diplomer aus dem Enseignement secondaire général, technique a professionnel.

Méi Informatiounen

Unerkennung vum Bildungsstand, der Equivalenz vun Diplomer an der Equivalenz vu beruffleche Qualifikatiounen

Diplomer, Breveten, Schoulzensuren a Certificate vum Enseignement secondaire général a professionnel aus dem Ausland kënnen, ënner bestëmmte Bedéngungen, fir eng Equivalenz-Unerkennung a Betruecht gezu ginn.

De Service fir d'Unerkennung vun Diplomer stellt d'Unerkennung vun der Equivalenz vu Bildungsstänn, Diplomer a berufflech Qualifikatiounen fest, dëst par rapport zu den Diplomer, déi zu Lëtzebuerg erfuerderlech si fir den Zougang zu:

  • verschiddene fräie Beruffer oder Beruffer am Handel an am Handwierk;
  • de Gesondheetsberuffer;
  • an de Beruffer am sozio-edukative Beräich (diploméierten Educateur, Auxiliaire de vie)

Méi Informatiounen

Modalitéite fir d'Areeche vun enger Demande fir d'Equivalenz-Unerkennung

All Demande fir d'Unerkennung vun Diplomer/Certificaten/Schoulzensure muss per Post un de Service fir d'Unerkennung vun Diplomer vum MENJE adresséiert ginn a kann nëmmen accordéiert ginn, wann den Dossier komplett ass.

Méi Informatiounen

Lescht Aktualiséierung - 03.10.2018
Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren