Unerkennung vun den Diplomer vum Enseignement supérieur

Lescht Aktualiséierung : 10.08.2023

Allgemenges

D'Unerkennung vun den Diplomer aus dem Enseignement supérieur fält an den Zoustännegkeetsberäich vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung. Si kann 3 Formen unhuelen, déi jeeweils op e spezifeschen Zweck ausgeriicht sinn:

  1. déi akadeemesch Unerkennung (Titelregëster);
  2. déi berufflech Unerkennung;
  3. d'Homologatioun.

Akadeemesch Unerkennung (Titelregëster)

Fir Héichschouldiplomer aus dem Ausland akadeemesch unerkennen ze loossen, musse se an d'Sektioun Enseignement supérieur vum Titelregëster agedroe ginn. Dëst ass néideg, fir ëffentlech en Héichschoultitel droen ze kënnen an den erreechten akadeemeschen Niveau nozeweisen.

Verschidden Diplomer sinn automatesch unerkannt an hir Titulairë si vun der Inscriptiounsprozedur an den Titelregëster entbonnen:

  • déi national Diplomer vum lëtzebuergeschen Enseignement supérieur;
  • verschidde belsch an hollännesch Diplomer, opgrond vun den Decisioune vum Benelux-Ministerkommitee M(2015)3 an M(2018)1. Konkreet handelt et sech heibäi ëm Diplomer, déi vun unerkannten Etablissementer aus dem Enseignement supérieur ausgestallt goufen, mat deenen een déi ënnen am Tableau opgefouert Grade kritt. Déi betraffen Titulairë profitéieren ouni zousätzlech Demarchë vum Recht, de Formatiounstitel, deen um Diplom steet, ze benotzen, a vun der automatescher Unerkennung vum Formatiounsniveau, deen déi zoustänneg belsch oder hollännesch Autoritéit definéiert huet.
Belsch

Flammännesch Communautéit
Belsch

Franséisch Communautéit
Belsch

Däitschsproocheg Communautéit
Holland EQF Lëtzebuerg CLQ
  • Diploma van gegradueerde
  • Graad van gegradueerde
Brevet d’enseignement supérieur net zoutreffend Getuigschrift associate degree 5
  • Brevet de technicien supérieur
  • Diplôme d’études supérieures générales
5
Graad van bachelor Grade académique de bachelier Diplom
Bachelor
  • Getuigschrift bachelor
  • Bachelor of Arts
  • Bachelor of Science
6 Diplôme de bachelor 6
Graad van master Grade académique de master net zoutreffend
  • Getuigschrift master
  • Master of Arts
  • Master of Science
7 Diplôme de master 7
Graad van doctor Grade académique de docteur net zoutreffend
  • Doctor
  • Doctor of Philosophy
8
  • Grade de docteur
  • Diplôme d’études spécialisées en médecine
8

Wann et fir e fréiere belschen oder hollännesche Grad, dee virun der Ëmsetzung vum Bologna-Prozess ausgestallt gouf, eng formell Entspriechung mat engem Grad aus dësem Tableau gëtt, da gëtt deen och automatesch um selwechten akadeemeschen Niveau wéi den neie Grad unerkannt. Am Zweiwelsfall ka bei der Bildungsariichtung, déi besicht gouf, eng Attestatioun iwwer d'Entspriechung ugefrot ginn.

Weider Informatiounen iwwer d'automatesch Unerkennung an déi betraffen Diplomer fannt Dir um Site vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung.

Fir all déi aner Diplomer vum Enseignement supérieur gëllt déi normal Prozedur fir d'Androen an den Titelregëster.

Fir datt en Titel an den Titelregëster agedroe ka ginn, muss et sech ëm den Ofschlosstitel handelen, deen um Enn vun engem komplette Studienzyklus vergi gëtt, dëst am Aklang mat de Gesetzer a Reglementer iwwer den Enseignement supérieur, déi an deem Land gëllen, wou den Diplom ausgestallt gouf.

D'Androen an den Titelregëster bewierkt d'Klassifikatioun an de lëtzebuergesche Qualifikatiounskader (Cadre luxembourgeois des qualifications - CLQ).

Weider Informatiounen iwwer déi néideg Prozedure fannt Dir um Site vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung.

Et ass méiglech an et gëtt och recommandéiert, säin Dossier mat der Demande online iwwer Guichet.lu anzereechen.

D'Dokumenter an dësem Dossier mussen an enger vun den dräi offizielle Sprooche vu Lëtzebuerg (Franséisch, Lëtzebuergesch oder Däitsch) oder op Englesch verfaasst sinn. Wann d'Dokument an enger anerer Sprooch verfaasst ass, muss eng Iwwersetzung an enger offizieller Sprooch vun engem assermentéierten Iwwersetzer derbäigeluecht ginn.

Net an den Titelregëster agedroe gi kënnen:

  • Tëschendiplomer (Zwischenprüfung, Vordiplom, Attestatioun iwwer d'Reussite vum M1 asw.),
  • Diplomer, mat deenen ee keen Titel oder akadeemesche Grad kritt, dee vun den zoustännege staatlechen Autoritéite vun deem Land, wou se ausgestallt goufen, unerkannt sinn.

Et gëtt drop higewisen, datt déi akadeemesch Unerkennung net ze verwiesselen ass mat der berufflecher Unerkennung, fir Zougang zu engem reglementéierte Beruff ze kréien, d.h. engem Beruff, fir deen een en Ausübungsrecht kréie muss.

Berufflech Unerkennung

D'berufflech Unerkennung, och Unerkennung vun de beruffleche Qualifikatioune genannt, gouf duerch d'Richtlinn 2005/36/EG agefouert a bezitt sech op den Zougang zu engem reglementéierte Beruff.

Fir d'berufflech Unerkennung vun Diplomer a Qualifikatiounen am Hibléck op den Zougang zu engem reglementéierte Beruff um Niveau vum Enseignement supérieur ass de Ministère fir Héichschoul a Fuerschung zoustänneg (Service de la Reconnaissance des qualifications professionnelles). Betraff sinn hei:

D'Dossiere ginn obligatoresch vun enger beruffsspezifescher Kommissioun evaluéiert, déi dann eng direkt Unerkennung, eng Unerkennung, déi un d'Reussite vu Kompensatiounsmesurë gebonnen ass, oder e Refus virschloe kann.

Den Zougang zu engem reglementéierte Beruff erfollegt an 2 Etappen:

  1. d'berufflech Unerkennung vun de Qualifikatiounen aus dem Ausland duerch de Ministère fir Héichschoul a Fuerschung (Service Reconnaissance des qualifications professionnelles).
  2. Mat dëser Unerkennung kann ee beim Ministère, dee fir d'Reglementatioun vun deem jeeweilege Beruff zoustänneg ass, d'Ausübungsrecht ufroen: et sinn dat de Gesondheetsministère (medezinesch Beruffer, Beruffer am Gesondheetswiesen, Beruff vum Psychotherapeut) oder de Wirtschaftsministère (fräi Beruffer – fir déi en Droit d’établissement ausgestallt gëtt).

Weider Informatiounen iwwer déi néideg Prozedure fannt Dir um Site vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung.

Et ass méiglech an et gëtt och recommandéiert, säin Dossier mat der Demande online iwwer Guichet.lu anzereechen.

D'Dokumenter an dësem Dossier mussen an enger vun den dräi offizielle Sprooche vu Lëtzebuerg (Franséisch, Lëtzebuergesch oder Däitsch) oder op Englesch verfaasst sinn. Wann d'Dokument an enger anerer Sprooch verfaasst ass, muss eng Iwwersetzung an enger offizieller Sprooch vun engem assermentéierten Iwwersetzer derbäigeluecht ginn.

Homologatioun

D'Homologatioun gëllt exklusiv fir d'Diplomer am Droit am Hibléck op den Zougang zum reglementéierte Beruff vum Affekot a fir d'Zouloossung zu de Cours complémentaires en droit luxembourgeois (CCDL).

Weider Informatiounen iwwer déi néideg Prozedure fannt Dir um Site vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung.

Den Dossier ka per Post oder E-Mail un d'Madamm Josiane Laures agereecht ginn.

D'Dokumenter an dësem Dossier mussen an enger vun den dräi offizielle Sprooche vu Lëtzebuerg (Franséisch, Lëtzebuergesch oder Däitsch) oder op Englesch verfaasst sinn. Wann d'Dokument an enger anerer Sprooch verfaasst ass, muss eng Iwwersetzung an enger offizieller Sprooch vun engem assermentéierten Iwwersetzer derbäigeluecht ginn.

Persounen, déi an engem anere Memberstaat vun der Europäescher Unioun berechtegt sinn, de Beruff vum Affekot auszeüben, si vun der Homologatiounsprozedur fräigestallt a kënne sech direkt un de Justizministère adresséieren, fir d'Ausübungsrecht zu Lëtzebuerg unzefroen.

Kontakt

Ministère de l'Enseignement supérieur et de la Recherche

18 - 20, montée de la Pétrusse
L-2327 Luxembourg

www.mesr.public.lu
Service du registre des titres
registre@mesr.etat.lu

Service de la reconnaissance des qualifications professionnelles
rqp@mesr.etat.lu


Commission d'homologation
Josiane Laures

+352 247-85135
josiane.laures@mesr.etat.lu